Et misst ee relativ jonk domat ufänken sech Gedanken iwwer d'Successioun am Betrib ze maachen. Eng weider Problematik bleift den Terrain op deem ee säi Betrib kann eventuell vergréisseren. Zu Esch entsteet iwwer ee Piloteprojet den Handwierkshaff, deen eng Rei Avantagen ubitt, ënnersträicht de Charles Roemen.
"Deen Handwierkshaff bitt eng grouss Chance un fir kënne verschidde Saache mateneen ze notzen. Et ass net nëmmen ee Betrib op enger Plaz, mee eng ganz Rei déi beieneen an engem Handwierkshaff ugesidelt sinn. Doduerch kënne verschidde Saachen zesumme genotzt ginn. Ewéi zum Beispill ee Konferenzraum, deen net onbedéngt all Dag gebraucht gëtt. Dat gëllt och fir aner Equipementer ewéi Gabelstapler, Kranen déi een net eleng uschaaft, an déi awer een héijen Invest duerstellen."
Jonk Handwierker gi vum Staat an de Gemenge rekrutéiert
Vill Privatentreprisen am Secteur hunn et schwéier Leit ze fannen. Vill jonk Handwierker gi vum Staat an d'Gemenge rekrutéiert. Do ass et d'Fuerderung gewiescht, datt déi ëffentlech Hand déi Aarbechten déi an eegener Regie duerchgefouert ginn, sollen an Zukunft méi vu lokalen Entreprise realiséiert ginn.
Zu der aktueller Kris sot de Charles Roemen, géif et Betriber ginn, déi finanziell Enkpäss hunn, well déi Commanden déi se an Optrag kréien, no hanne verréckelt ginn.
"Et muss net onbedéngt eng grouss Entreprise sinn, mee eng Entreprise déi méi laang besteet. Déi huet eng méi grouss Stammclientèle, Récklagen an eng gewëss Sécherheet. Wärend ee Betrib dee rezent gegrënnt gouf net esouvill Récklagen huet. Deen huet och missen op finanziell Engagementer agoe fir seng Aktivitéiten iwwerhaapt kënnen unzefänken. Dann ass et séier schwiereg, wann ee mol eng Woch keng Rechnung ka schécken. D'Paie musse bezuelt ginn, d'Sozial Laaschte musse bezuelt ginn, d'Prête musse bezuelt ginn."