Parteiewiessel kommen net sou heefeg vir. Beim Charles Muller war dat awer de Fall. Duerch d'Presenz an der Regierung iwwerhuelen och déi Gréng politesch Verantwortung, sou de Finanzaffekot.
"Dir kennt extrem sinn, an an der Oppositioun setzen - oder dir kennt Kompromësser maachen, an awer eppes mat bewierken. Dat schéngt mer wichteg: Datt een an der Politik net nëmmen Iddie lancéiert an dann an der Oppositioun setzt, mee och bereet ass eppes ze bewierken."
Hien huet am Interview mam Rick Mertens net verstoppt, datt hien och drun interesséiert ass seng Kompetenz aus dem Finanzberäich an déi national Politik anzebréngen.
"Nohaltegkeet ass e Ganzt - do kann een net soen: Ech interesséiere mech elo nëmme fir de Finanzdeel dovunner. Et ass awer kloer, datt ech mat menger Kompetenz mech och vläicht éischter National kann abrénge bei deene Gréngen. Mee déi zwee ginn awer iergendwéi zesummen, dofir freeën ech mech och op dee Gemengewalkampf."
Bei der Fro ob hien dann och bei de Chamberwale wéilt matgoen, seet hien, datt en d'Iddi hätt fir sech zur Verfügung ze stelle fir och bei de nationale Wale matzegoen, mee hie wier awer net eleng fir déi Decisioun ze huelen.
A wann der méi genee wëllt wësse firwat de Charel Muller vun der DP bei Déi Gréng gewiesselt ass, da fannt der de ganzen Interview mat him op 100komma7.lu