Radioen

On air

Moiesstudio  |  Moiesstudio

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nordstad: Dikrech ass weider fir eng Fusioun zu fënnef

Gemengewalen 2023

Nordstad: Dikrech ass weider fir eng Fusioun zu fënnef

Zu Dikrech ass déi nei CSV-DP-Koalitioun fir eng Nordstad-Fusioun mat fënnef Gemengen. De neien CSV-Buergermeeschter Charel Weiler sot hei um Radio, seng Koalitioun stéing "voll hannert" dem Projet fir mat Ettelbréck, Ierpeldeng, Schieren a Bettenduerf ze fusionéieren. An dat obwuel de Koalitiounspartner DP hat sech virun de Gemengewalen nach kritesch iwwer esou eng Fusioun zu fënnef geäussert hat.

auto_stories

3 min

De Charel Weiler ass neie Buergermeeschter vun Dikrech. (Foto: Jo Diseviscourt)

De Charel Weiler huet d'Positioun vun der DP relativiséiert: D'Aussoe vum DP-Spëtzekandidat wieren an de Medien "héichgebauscht" ginn, esou de neie Buergermeeschter. Am Fong hätt d'DP sech awer ni géint eng Nordstad-Fusioun ausgeschwat.

"Ech mengen, datt déi Aussoen do och an de Medien e bëssen héichgebauscht gi sinn. Ech hunn den Här Lopes elo net héieren, datt hie gesot hätt, hie wier géint eng Nordstad. An de Koalitiounsverhandlungen hu mir natierlech de Sujet Nordstad diskutéiert an debattéiert. A fir eis war et relativ séier kloer, datt mir eis pro Fusioun zu fënnef géife positionéieren."

De Projet Museksschoul bleift relevant

Iwwerdeems gëtt zu Dikrech den ëmstriddene Projet fir eng nei Museksschoul ze bauen eventuell nach eng Kéier iwwerduecht, sou de Charel Weiler.

Ënnert sengem Virgänger hat d'Dikrecher Gemeng engem private Promoteur een Terrain ofkaf fir dee Projet ze realiséieren. Dee Kaf kéint een och net méi réckgängeg maachen, esou den neien CSV-Buergermeeschter. Am Plaz eng Museksschoul do ze bauen, wéilt seng Majoritéit déi Plaz awer eventuell notze fir d'Primärschoul ze vergréisseren.

"An der Cité militaire wäerten elo an de nächste Joren eng ganz Réi Leit bäikommen, wou natierlech och Kanner wäerte bäikommen, wouduerch eis aktuell Schoul dann eventuell nees ze kleng gëtt. An da wëlle mir eis op dem Terrain net mat enger Museksschoul blockéieren, wou een eventuell eng Extensioun vun der Schoul kéint maachen."

Et géing aktuell och eng intern Debatt laafen, ob d'Musesksschoul dann elo iergendswou aanecht gebaut soll ginn, oder ob de Projet eventuell ganz fale gelooss gëtt. Et hätt een zwou Iddien, esou de Charel Weiler, mee äussere géing hien sech momentan nach net. D'Iddie missten als éischt analyséiert ginn.

DP Dikrech wëllt elo mol Bestandsopnam maachen

De José Lopes Goncalves vun der DP seet, seng Positioun wier elo nach ëmmer déi selwecht wéi virun de Walen an déi wier duerchaus kompatibel mat deem, wat de Charel Weiler am 100,7-Interview sot.

Hie wier frustréiert gewiescht iwwer dat "éiwegt Gepiddels" vun der Politik ronderëm d'Theema Nordstad. Als Oppositioun hätt een iwwer d'Theema och net immens vill matkritt an et hätt een den Androck gehat, datt et méi wichteg wier, seng Energie op aner politesch Theemen ze fokaliséieren.

"An zu dem Moment an zu dem Moment hat ech net den Androck, dass mer mat der Nordstad Fusioun de Leit am meeschte géifen hëllefen."

An de Koalitiounsverhandlunge mat der CSV wier d'Fusioun och nëmme ganz kuerz Thema gewiescht, esou nach den DP-Spëtzekandidat José Lopes Gonçalves, et wier ee sech séier eens ginn, datt een elo mol misst kucken, wou d'Projeten dru sinn an da misst ee rausfannen, wéi déi aner Gemengen derzou stinn.