Radioen

On air

9 bis 1  |  Sun Glitters - Secrets Feat. Drop The Gun

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neie Buergermeeschter: "Ettelbréck steet hannert der Nordstad"

Gemengewalen Ettelbréck

Neie Buergermeeschter: "Ettelbréck steet hannert der Nordstad"

Den zukünftege Buergermeeschter vun Ettelbréck steet "voll a ganz" hannert der geplangter Nordstad-Fusioun. De Bob Steichen huet sech hei op der Antenn dofir ausgeschwat, datt de Bierger vun Ettelbréck, Dikrech, Ierpeldeng, Schieren a Bettenduerf bannent de nächste sechs Joer iwwer eng Fusioun sollen ofstëmmen.

auto_stories

2 min

Ob de Fusiounsprozess viru kënnt géing awer elo och dovun ofhänken, op déi nei Schäffereit aus de Nopeschgemengen d'Fusioun weider ënnerstëtzen, esou de Bob Steichen. Wann elo emol bis d'Schäffereit an de fënnef Nordstad-Gemenge feststinn, da misst ee sech zesummesetzen a kucken, wat ee mécht.

"Ass de Wonsch an deene fënnef Gemengen, an deene fënnef Schäffereit, elo nach do, fir dee Prozess virun ze féieren? Ech denken, well mir déi Diskussioun awer zu fënnef Gemenge lancéiert hunn, wierr et elo net richteg ze soen, mir ginn elo fir t'éischt als zwou oder dräi Gemengen zesummen, well mir ebe schon an engem anere Prozess sinn."

Keen Duebelmandat

De neien Ettelbrécker Buergermeeschter wäert am Oktober iwwrens net fir d'LSAP mat an d'Chamberwale goen. De Bob Steichen huet de Moien hei op der Antenn betount hien hätt viru Gemengewale versprach, datt hie keen Duebelmandat wéilt unhuelen, wann hie Buergermeeschter gëtt, an doru géif hien sech elo och halen.

"Ech hu fir mech perséinlech entscheet, datt ech et schwiereg gesinn, een duebelt Mandat ze maachen. Dat heescht, Buergermeeschter zu Ettelbréck, plus Chamber. Wuelwëssend, datt ech nach net gewielt sinn, wann ech géif untrieden."

Elleng mat engem Untrëtt bei de Wale géing ee scho weisen, datt ee bereet ass, een Duebelmandat auszeféieren, seet de Bob Steichen. Dat gesäit hie perséinlech net als Prioritéit. "Ech wëll mech elo emol voll a ganz op Ettelbréck konzentréieren.", heescht et vum neie Buergermeeschter.

De Bob Steichen wäert de Buergermeeschterposten zu Ettelbréck vum Jean-Paul Schaaf vun der CSV iwwerhuelen. Doriwwer sinn d'LSAP an d'CSV sech eens, nodeems d'Sozialisten e Sonnden déi meeschte Stemme kruten. De Koalitiounsvertrag soll an de nächsten Deeg ënnerschriwwe ginn.