Radioen

On air

Kultur um 5  |  Not to be messed with

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rapport vum Weltklimarot ee "ganz staarkt Signal"

Klimafuerscher Andrew Ferrone

Rapport vum Weltklimarot ee "ganz staarkt Signal"

Den neiste Rapport vum Weltklimarot wier "ee ganz staarkt Signal" un d'Politik. Dat sot den Andrew Ferrone de Moien am 100,7 Interview. De Klimafuerscher vertrëtt d'Lëtzebuerger Regierung am Weltklimarot, dem IPCC. Mee wat muss geschéie wa mir déi global Äerderwiermung nach op 1,5 Grad wëlle limitéiert kréien?

auto_stories

2 min

De Klimafuerscher Andrew Ferrone vertrëtt d'Lëtzebuerger Regierung am Weltklimarot, dem IPCC. (Foto: Jo Diseviscourt)

De Rapport géif kloer beleeën, datt et "mindestens 5 fir 12 ass", an datt d'Klimamesuren, déi an de nächsten zwee Joer geholl ginn, essentiel dofir sinn, op déi global Erwiermung nach ënner 1,5 Grad ka limitéiert ginn.

Ee Joerzéngt, dat wichteg ass

De Rapport beweist och, datt elo ganz séier zousätzlech Klimamesurë mussen decidéiert ginn. Der Meenung ass och den Andrew Ferorone.

"Déi nächst Dekade ass wierklech wichteg. De Rapport seet och ganz kloer: Déi Decisiounen, déi mir elo am Joer 2023 bis 2025 treffen, datt déi wierklech een Afloss drop hunn, wéi se de Klima an deenen nächste Joerdausende wäert entwéckelen."

Nëmmen esou wier d'Zil nach ze areechen, fir déi global Erwiermung ënner 1,5 Grad par Rapport zu virun der Industrialiséierung ze halen, esou den Andrew Ferrone. D'Urgence wier "ganz, ganz héich", seet de Klimafuerscher.

"Wa mir et souguer dëst Joer oder d'nächst Joer areechen, wier et souguer nach besser. Dat géif eis nämlech méi Sputt ginn, fir herno d'Emissiounen erof ze setzen."

D'Resultat aus aacht Joer Aarbecht

De Bericht vum Weltklimarot berout op sechs Rapporten aus de leschten aacht Joer, déi dausende Wëssenschaftler ausgeschafft hunn. E soll déi faktesch Basis duerstellen, fir déi politesch a wirtschaftlech Decisiounen op der Welt an den nächste Joren.

Ugefaange mam UNO-Klimasommet am Dezember zu Dubai, der COP28, wou en éischte Bilan vun den Efforte vun all Land am Paräisser-Klimaofkommes virgestallt an iwwer d'Zukunft vun de fossillen Energien diskutéiert wäert ginn.