Radioen

On air

Notturno  |  Thee Marloes - Over

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Syntheetesch Drogen: "De Konsument ass d'Versuchskannickel"

Drogekonsum

Syntheetesch Drogen: "De Konsument ass d'Versuchskannickel"

Den nationalen Drogenbeoptraagte warnt viru sougenannte syntheeteschen Drogen. Et géif ganz vill Substanze ginn, déi an déi Kategorie falen, a verschiddener vun deene Stoffer wäre mëttlerweil och hei am Land am Ëmlaf erkläert den Alain Origer. De Problem wier awer, datt d'Konsumente bei dësen Drogen dacks net wësse wat se consomméieren.

auto_stories

2 min

Bei syntheeteschen Droge wier de Konsument "d'Versuchskannickel", bedauert den Alain Origer. Dat net nëmme fir de Stoff selwer, dee vill méi potent ka si wéi bei natierlech Cannabinoiden, mee och fir d'Zousazstoffer, déi eventuell kënnen dra sinn.

"Dat geet vu Schwéiermetaller bis ganz vill aner Saachen, déi do kënnen dra sinn. An dofir geet de Konsument do an e schwaarzen Tunnel."

Eng Méiglechkeet fir ze verhënneren, datt d'Leit op esou syntheetesch Drogen zréckgräife wier den Zougang zum natierleche Cannabis ze vereinfachen, betount den Alain Origer. Dat wier ee vun de Grënn firwat ee mëttlerweil véier Cannabis-Planzen doheem däerf ubauen.

Etüd zum Cannabis-Konsum

Ob elo méi Cannabis consomméiert gëtt, doduerch datt d'Leit en elo dierfen doheem ubauen, ass nach net gewosst. De Gesondheetsministère géif probéieren dat mat enger Etüd erauszefannen, erkläert de nationalen Drogebeoptraagten Alain Origer hei op der Antenn.

Et soll gekuckt gi wéi d'Leit consomméieren, an ob d'Frequenz an d'Luucht geet. D'Etüd soll am Hierscht ulafen, a géif an Zesummenaarbecht mat der Ilres duerchgefouert ginn.