Radioen

On air

Espresso Beats  |  Molly Lewis - Oceanic Feeling

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Investitioun a Logement eng absolut Prioritéit"

Logement a Kultur

"Investitioun a Logement eng absolut Prioritéit"

De Logement wier eng richteg Erausfuerderung, mee si géif awer och d'Potential an deem Ministère gesinn, notamment duerch d'Zesummenaarbecht mat deenen anere grénge Ministeren, wéi der Landesplanung, dem Bauteministère an der Ëmwelt, esou d'Sam Tanson.

auto_stories

2 min

"Mir sinn zu dräi gréng Ministeren, déi zesummen zu dräi am selwechte Gebai sëtzen an déi zesummen op deem doten Dossier wäerte schaffen." Et hätt een och scho Richtlinne fixéiert, an et géif ee sech "ganz reegelméisseg" zesummesetzen, esou d'Sam Tanson. Dofir hätt een elo scho Rendez-vousen festgehalen an et géif een de Moment scho Problemer ugoen. Zesumme mam Bauteministère kéint een déi Saachen zu véier ugoen, an dat wier en Avantage.

E staatleche Comité, fir Bauland ze kafen

De Koalitiounsaccord annoncéiert en neie staatlechen interministerielle Comité fir Bauland ze kafen. De Kaf vun Terraine soll finanzéiert ginn duerch en neie Fong, dee vum Staat alimentéiert gëtt. Momentan géifen awer nach keng Montante feststoen, an et géifen och keng am Koalitiounsaccord drastoen, seet d'Sam Tanson."Mee et ass eng absolut Prioritéit fir an de Logement ze investéieren.

An do sinn ech net eleng, deen dat seet, mee dat soen all meng Kolleegen aus der ganzer Regierung." D'Sam Tanson mécht sech keng Suergen, datt de Fong genuch Moyene wäert kréien, och wann d'Immobiliëpräisser héich sinn an och fir de Fong deier wäerte sinn.

Logement ass dee gréisste Käschtepunkt

Et géif een dovunner schwätze fir d'Kafkraaft vun de Leit ze erhéijen an iwwer eng Hausse vum Mindestloun, an de Gros vun de Käschte vun de Leit wier de Logement. "Dat heescht, mir mussen do usetzen, mir mussen eng Offer bidden an alle Beräicher fir déi Leit, déi sech um normale Marché näischt méi kënne leeschte fir kënnen ze kafen an ze lounen."

Den Terrainsverkeefer soll vu Steieravantagë kënne profitéieren, wann en un deen neie staatleche Fong verkeeft: Plus-value gi steierfräi. Déi Terraine sollen dem Fonds du Logement, der SNHBM oder enger Gemeng der Verfügung gestallt gi fir erschwéngleche Wunnraum ze schafen, esou d'Sam Tanson.

"Ech wollt d'Kultur"

D'Sam Tanson ass och Kulturministesch. "D'Kultur war e Ressort, deen ech wollt", seet déi nei Kultur- a Logementsministerin Sam Tanson. Mam Jo Kox, dem Coordinateur vum Kulturentwécklungsplang géif et elo drëm goen, dee Plang ëmzesetzen. De Jo Kox gouf rezent éischte Conseiller au Gouvernement am Kulturministère genannt.