Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Parcels - Free

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Interventioune wéinst haislecher Gewalt sinn ëm 7% geklommen

Joresrapport Haislech Gewalt

Interventioune wéinst haislecher Gewalt sinn ëm 7% geklommen

D'Interventioune wéinst haislecher Gewalt sinn zejoert zu Lëtzebuerg ëm iwwer 7 Prozent an d'Luucht gaangen, am Verglach mam Joer virdrun. Dat geet aus dem Joresrapport vum Kooperatiounscomité vun de Professionellen am Kampf géint d'Gewalt ervir. D'Police huet am Ganzen 983 mol misse wéinst haislecher Gewalt agräifen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Réckfälleg Täter maachen dem neie Rapport no nämlech Ronn ee Véierel vun den Expulsiounen aus. Iwwer d'Hallschent vun de Widderhuelungstäter géif no enger Expulsioun net der Obligatioun nokomme fir sech beim Service "Riicht eraus" ze mellen, gëtt déi zoustänneg Ministesch ze bedenken.

Et muss eng Gefor fir Leif a Liewe bestoen

Fir d'Taina Bofferding ass kloer, datt si nach méi Täter wéi och d'Widderhuelungstäter nach méi an de Suivi missten erakréien.

"Dofir ass et eben och sënnvoll, dat soen ech e engem ganz perséinlechen Numm, datt niewent engem Avertissement och nach iwwer aner Sanktiounsméiglechkeete muss nogeduecht ginn, fir datt mir déi Obligatioun, wéi mir am Gesetz stoen hunn, eben och esou wouergeholl gëtt."

Fir datt et zu enger Expulsioun kënnt, misst eng reell Gefor fir Leif a Liewe bestoen, erkläert de Laurent Seck, Vetrieder vum Stater Parquet. Wier déi Konditioun net erfëllt, da géif vum Substitut vum Déngscht keng Expulsioun geschwat ginn. An dem Fall géif dat awer net heeschen, datt dat keng Konsequenze wäert hunn,

"Fir all Interventioun vun der Police am Kader vun der haislecher Gewalt gëtt de Procès verbal dresséiert, de Procès verbal gëtt vun de Services spécialisés vum Parquet Lëtzebuerg a vum Parquet Dikrech analyséiert an et gëtt gekuckt wat fir eng Strofdoten da bestinn."

Vill Täter si réckfälleg ginn

De Parquet huet d'lescht Joer alles an allem bal 1.500 Dossiere ronderëm haislech Gewalt traitéiert. Dorënner wiere vill Täter gewiescht déi réckfälleg gi sinn, seet de Laurent Seck. Fir Profiller vun den Täter besser ze verstoen an erauszefannen ob déi Mesuren déi d'Acteuren um Terrain huelen effikass sinn, missten déi eenzel Dossieren eng Kéier kriminologesch analyséiert ginn.

"Dat ass eppes, wou och nees eng Kéier mussen Autorisatiounen um Niveau vum Dateschutz kommen. Et gi net nëmmen d'Zuele gekuckt. Do muss wierklech all Dossier eenzel vu de betreffende Leit, déi beoptraagt gi mat esou enger Etüd, gelies ginn."

Dat ass eng vun de Recommandatiounen déi am Joresrapport vum Kooperatiounscomité vun de Professionellen am Kampf géint d'Gewalt festgehale gi sinn. Aktuell huet iwwerdeems weder d'Police, nach de Parquet Zougrëff op Incidenten déi méi wéi dräi Joer al sinn.