Den Dënschdeg Moie fréi huet den éisträicheschen Inneminister Karl Nehammer op enger Pressekonferenz Detailer zu der Dot ginn. Géint aacht Auer gëschter Owend huet een Täter am Zentrum vu Wien ugefaangen op Mënschen ze schéissen, déi a Bistroe souzen.
"Der ausgeforschte Täter war mit einem Sprengstoffgürtel, der sich als Attrappe herausgestellt hat, und mit einem Sturmgewehr schwer bewaffnet."
Ronn zéng Minutten drop wier d'Police op der Plaz gewiescht an huet een Täter erschoss. Dobäi gouf och ee Polizist schwéier blesséiert.
"Der Attentäter war ein Sympatisant der Terrormiliz IS. Derzeit finden intensive Ermittlungen und Maßnahmen, die ich aufgrund ermittlungstaktischer Details nicht beschreiben kann, im Umfeld des Täters statt."
Momentan onkloer, ob et weider Täter ginn
Den 20 Joer jonken Täter hätt déi éisträichesch an déi nordmazedonesch Nationalitéit. Am Abrëll 2019 war hie verurteelt ginn, nodeems hie versicht hat, sech dem IS a Syrien unzeschléissen. No e puer Méint gouf hien awer nees aus dem Prisong entlooss.
Et ass nach net kloer, op et nach aner Täter gouf. Dem Inneministère zu Wien no kéinte bis zu véier Leit un dem Ugrëff bedeelegt gewiescht sinn.
An enger Usprooch um hallwer 11 de Moien huet den éisträichesche Bundeskanzler Sebastian Kurz dunn de verstuerwenen Affer geduecht.
"Vier wehrlose Zivilisten wurden aus nächster Nähe kaltblütig ermordet. Ein älterer Herr, eine ältere Dame, ein junger Passant und eine Kellnerin wurden ganz plötzlich und unerwartet aus dem Leben gerissen."
Den Inneminister Karl Nehammer huet sengersäits betount, datt ee sech net aschüchtere loosse wëllt.
"Wir lassen uns durch solche Anschläge unsere Grund- und Freiheitsrechte in keinster Weise nehmen."
International Reaktiounen a Solidaritéitserklärungen
An déi Richtung sinn och vill international Reaktioune gaangen. Ee vun den éischte war de franséische President Emmanuel Macron. "Dëst ass eist Europa", esou de Macron den Dënschdeg op Twitter. "Mir wäerten net noginn."
Nous, Français, partageons le choc et la peine du peuple autrichien frappé ce soir par un attentat au cœur de sa capitale, Vienne. Après la France, c'est un pays ami qui est attaqué. C'est notre Europe. Nos ennemis doivent savoir à qui ils ont affaire. Nous ne céderons rien.
- Emmanuel Macron (@EmmanuelMacron) November 2, 2020
Och d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet hir Solidaritéit ausgedréckt.
I spoke to @SebastianKurz & offered my deepest condolences to the Austrian people following the Vienna attack by "Islamic State" terrorists.
- Ursula von der Leyen (@vonderleyen) November 3, 2020
I condemn this despicable attack in the strongest terms possible. pic.twitter.com/rZT3T8wcBv
De Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel huet op Twitter vun engem Ugrëff op "ons Fräiheet, ons Wäerter an eis Liewensweis" geschwat. Et géif een den Haass ni gewanne loossen.
Nach einem weiteren abscheulichen Angriff auf unsere Freiheit, unsere Werte und unsere Lebensweise sind unsere Gedanken heute Abend mit unseren Freunden aus Österreich und den Bürgern von Wien. Wir werden Hass nie gewinnen lassen. https://t.co/BvakzJ0tHo
- Xavier Bettel (@Xavier_Bettel) November 2, 2020