Radioen

On air

9 bis 1  |  Badbadnotgood - Take What's Given

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Interimsagencen an hir Ofhängegkeet vum Bausecteur

Ee Secteur mécht sech Suergen

Interimsagencen an hir Ofhängegkeet vum Bausecteur

40 Prozent vun de ronn 8.000 Aarbechtsplazen, déi et am Beräich vun den Interimsagence gëtt, si vum Bausecteur ofhängeg. Bis elo huet een d'Kris am Immobiliësecteur nach net ganz ze spiere kritt, präziséiert de Fabrice Poncé, President vun der Lëtzebuerger Fédératioun vun den Interimsagencen. De Réckgang vun den Opträg vun den Interimsagencë läit op ee Joer gekuckt bei 13 Prozent. Et mécht ee sech awer och virun allem fir den Hierscht Suergen.

auto_stories

1 min

Lauschterenplay_arrow


Zu Lëtzebuerg ginn et am Ganzen 58 Interimsagencen, dovunner sinn der 33 Member vun der Federatioun vun den Firmaen déi Interimaire vermëttelen. 90 Prozent vun den Agencen schaffe mam Bausecteur zesummen. Vun den 8.000 Interimairen, déi et zu Lëtzebuerg ginn, gi 40 Prozent am Bausecteur beschäftegt. Dat heescht eng 3.000 Persounen.

Eng weider Baisse gëtt sech erwaart

Global gesi gouf et am Verglach mam leschte Joer fir all d'Interimsgencen ee Réckgang vun den Aktivitéiten, deen tëscht 12 an 13 Prozent géing leien. Am meeschte betraff wier de Bausecteur an d'Industrie. D'Federatioun geet awer dovunner aus, datt et an den nächste Méint eng weider Baisse vun den Aktivitéiten gëtt, wéi de Fabrice Poncé, President vun der Federatioun vun den Interimsagencen, erkläert.

"Il y a encore beaucoup de projets en cours. Certains projets arrivent à leur fin. C'est vrai qu'on s'attend encore une baisse des volumes sur le troisième et quatrième trimestre 2023, et peut-être encore plus sur le premier trimestre 2024."

Fir den Ament si virun allem de Bau a speziell d'Gros oeuvre betraff a manner de Parachèvmement.