Radioen

On air

One World  |  One World

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Interessi u "Foodsharing" an de leschte Méint geklommen

Liewensmëttel retten

Interessi u "Foodsharing" an de leschte Méint geklommen

D'Initiativ Foodsharing Luxembourg versicht zanter dräi Joer Liewensmëttel ze retten, déi d'Supermarchéen, Geschäfter a Produzente soss géingen ewechgeheien. Déi Liewensmëttel gi vu sougenannte "Foodsaver" agesammelt a verdeelt - entweder u Leit deenen den ekologeschen Aspekt wichteg ass oder deenen et villäicht finanziell net esou gutt geet.

auto_stories

3 min

Foodsharing Lëtzebuerg ass eng Initiativ déi versicht Liewensmëttel ze retten. Foto: Elaine Casap / Unsplash

Lauschterenplay_arrow


Uebst, Geméis, Deegwueren ... an dat gratis. Ëm déi 50 bis 60 Leit kommen all Woch op déi verschidden "Distribution Days" uechter d'Land, wou déi gerette Liewensmëttel am grousse Stil verdeelt ginn.

Liewensmëttel verdeelen a Persoun an duerch Frigoen

D'Unzuel u Leit déi d'Iesswuere siche komme wier hei net an d'Luucht gaangen, schätzt d'Annick Feipel vu Foodsharing Luxembourg. Zanter dem Krich hätt een awer méi Leit déi aus der Ukrain geflücht sinn.

Duerch déi ekonomesch Situatioun wieren am Moment och méi Leit op de Foodsharing ugewisen.

Bei de Foodsharing "Points", dat sinn ëffentlech Frigoe vu Foodsharing Luxembourg, géing ee mierken datt an de leschte Méint méi Leit dovunner profitéieren.

Méi Demande online

Dee gréissten Ënnerscheed géing een awer an de soziale Medie gesinn. An hirem Facebook Grupp kéint all Mënsch Iesswueren ubidden oder duerno sichen, erkläert d'Annick Feipel.

Do wieren an de leschte Wochen immens vill Leit bäigetrueden:

"Also säit Juli hu mir do elo ongeféier 300 Persoune méi déi der Grupp bäigetruede sinn. An do sinn och effektiv méi Leit déi froen och no Iesswueren a soen hei bei mir ass et momentan finanziell net esou gutt."

Manner Liewensmëttel disponibel

Fir Foodsharing Luxembourg ass et allerdéngs net méi esou einfach der Nofro no gerette Liewensmëttel entgéint ze kommen: Et gëtt nämlech manner Liewensmëttel fir ze verdeelen. Zanter dem Krich gi méi Geschäfter d'Liewensmëttel direkt weider u karitativ Organisatiounen.

Dobäi kënnt och datt vill Supermarchéë un hirer Offallpolitik geschafft hunn. Aus ekologescher Siicht eng gutt Noriicht, fënnt d'Annick Feipel, well wa si manner Iesse géife kréien, datt hätte si eigentlech hirt Zil erreecht well d'Supermarchéen dann hir Offäll reduzéiert hätten

"An dat wat mir am Fong wëllen ass datt et iergendwann eng Kéier kee Foodsharing méi muss ginn, well et keng Liewensmëttel-Offäll méi ginn, dat ass den ideale Punkt wou mir eigentlech hiwëllen."

Eng Initiative mat 500 Memberen

Stand haut zielt Foodsharing Luxembourg ëm 500 Memberen, dorënner 326 "Foodsaver", déi also reegelméisseg Liewensmëttel an d'Geschäfter siche gi fir selwer ze verwäerten oder ze verdeelen.

En nächsten Info-Meeting fir Member oder Foodsaver ze ginn ass den 28. September.


Méi Informatiounen iwwer Foodsharing Luxembourg gëtt et op hirem Site.