Radioen

On air

Notturno  |  Dessy Mesk - Right Side

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Integratioun vum SIGI an déi staatlech Verwaltung CTIE?

Syndicat Intercommunal de Gestion Informatique

Integratioun vum SIGI an déi staatlech Verwaltung CTIE?

D'Aktivitéiten an d'Equippe vum interkommunalen Informatik-Syndikat SIGI sollen an déi staatlech Verwaltung CTIE integréiert ginn. Dës Reflexiounspist huet den delegéierten Digitaliséierungsminister Marc Hansen an engem Bréif un d'Gemenge formuléiert. Dëst Schreiwes vun en Donneschdeg läit dem radio 100,7 vir.

auto_stories

2 min

Den DP-Politiker schléit vir, beim Centre des technologies de l'information de l'Etat eventuell een neit Departement fir de Gemengesecteur ze schafen.

Beim SIGI hat de President Yves Wengler vun der CSV rezent demissionéiert. Dat nodeem dräi Experte-Rapporte presentéiert gi waren, déi Problemer am Personal- a Finanzberäich beim Syndikat confirméiert haten, grad wéi eng Onzefriddenheet vun de Gemenge mat de SIGI-Servicer.

En zouverlässege Partner fir de Gemengesecteur

Zwee Deeg drop huet den delegéierten Digitaliséierungsminister Marc Hansen a sengem Bréif un all d'Gemengen - ausser der Stad Lëtzebuerg, déi net Member vum SIGI ass - widderholl, datt et ee ganz enke Rapprochement tëschent CTIE a SIGI soll ginn.

De Gemengesecteur bräicht een zouverlässegen a reaktive Partner an eng zentraliséiert an effikass Gestioun vun hirer Informatik.

De Marc Hansen lancéiert een Appell un d'Gemengeresponsabel fir sech a Richtung vun enger verstäerkter Kooperatioun mam staatleche CTIE ze engagéieren.

De Client vu SIGI a CTIE wier all Kéier de Bierger. Deemno géif eng Verstäerkung vun de Synergië sech opdrängen, heescht et am Schreiwes. Et géif och dorëm goen, dem Personal vum Syndikat SIGI erëm Vertrauen an eng Perspektiv ze ginn.

Marc Hansen ass fir aner Approchen oppen

Dowéinst proposéiert de Marc Hansen eng gemeinsam Struktur. Dat nodeems déi néidege gesetzlechen Upassungen gemaach wieren. Den delegéierte Minister verschléisst sech net méiglechen aneren Approchen.

Offiziell Gespréicher doriwwer wieren nach net gefouert ginn, huet et op Nofro aus sengem Ministère geheescht.

Beim SIGI soll am Abrëll een neie President gewielt ginn, hat de Syndikat selwer ugekënnegt. An Aussiicht gestallt gouf och ee Redressementsplang fir de SIGI bis an d'Joer 2028.