Radioen

On air

Notturno  |  Meernaa - As Many Birds Flying

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Instruktioun géint Ex-Direkter vu Creos

Wéinst Prise illégale d'intérêts

Instruktioun géint Ex-Direkter vu Creos

D'Justiz enquêtéiert géint de fréieren Direkter vum Netzbedreiwer Creos. Eisen Informatiounen no huet en Untersuchungsriichter eng Instruktioun wéinst Prise illégale d'intérêts opgemaach.

auto_stories

1 min

D'Instruktioun riicht sech géint de Marc Reiffers, mee och géint Onbekannt. Et gëtt also och ënnersicht, ob weider Persoune géint d'Gesetz kéinte verstouss hunn.

Gutt informéierte Sourcen no kritt de Marc Reiffers virgeheit, senger Fra en Optrag verschaaft ze hunn.

Denonciatioun vum Verwaltungsrot vun Encevo

Membere vum Verwaltungsrot vum Mammenhaus Encevo hunn Ufank des Mounts eng Denonciatioun bei der Justiz gemaach. Paperjam hat gemellt, datt de Marc Reiffers als Direkter vu Creos ofgesat an eng Denonciatioun géint hie gemaach gi wier.

Creos sicht elo en neie Generaldirekter: De Marc Reiffers ass eisen Informatiounen no mëttlerweil an der Pensioun.

D'Creos Lux S.A. geréiert Stroum- a Gasreseauen zu Lëtzebuerg an ass eng Entreprise de service public, déi also am ëffentlechen Déngscht schaffe muss. Creos gehéiert zu 75 Prozent dem Energieoperateur Encevo. Esoulaang et kee Geriichtsurteel gëtt gëllt d'présomption d'innocence.