Radioen

On air

Benny Brown Show  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Taina Bofferding kritiséiert Schëfflenger Bautereglement

Gemeng Schëffleng

Taina Bofferding kritiséiert Schëfflenger Bautereglement

Den Inneministère an d'Gemeng Schëffleng hu verschidden Interpretatioune wat de neie Bautereglement vun der Südgemeng ugeet. Verschidden Dispositioune géifen an den allgemenge Bebauungsplang PAG respektiv an e PAP gehéieren.

auto_stories

3 min

D'Inneministesch Taina Bofferding. (Foto: Claude Biver)

Lauschterenplay_arrow


Den zweeten November mécht d'Inneministesch Taina Bofferding de Schëfflenger CSV Buergermeeschter Paul Weimerskirch, per Courrier drop opmierksam, datt verschidden Artikelen näischt am Bautereglement ze sichen hunn. Ënnert anerem handelt et sech ëm Implantatioun an de Recul vu Konstruktiounen, Garagen an a Gréngflächen.

Kaffiszëmmer zu Schëffleng

De Schëfflenger Buergermeeschter argumentéiert, dat en d'PAP quartier existent momentan géif iwwerschaffen, fir e vide juridique ze verhënnere wiere verschidden Artikelen an de Bautereglement geschriwwe ginn. No enger Entrevue lescht Woch sinn sech béid Säiten an deene Punkte méi no komm.

Et bleift awer elo d'Fro vun de sougenannte Kaffiszëmmer déi zu Schëffleng och soll iwwer de Bautereglement gekläert ginn, wéi de Paul Weimerskirch erkläert.

"Et gëtt e Reglement grand-ducal wat definéiert, datt de Minimum vun engem Kaffiszëmmer zwee Meter 20 ass, mir soen awer dat soll zwee Meter 50 sinn, well mer fannen dass Leit adequat kënne wunne wéi déi aner Leit och, och wann se nëmmen e klengt Zëmmerchen zu hirer Dispositioun hunn."

Ofgesinn dovun huet d'Gemeng Schëffleng eng Rei vun Zousazbestëmmungen an hirt Bautereglement ageschriwwen déi indirekt mat de Kaffiszëmmeren ze dinn hunn. Do weist d'Ministesch aus hirer Siicht drop hin, datt dat awer contraire wier, zu dem wat an engem Gesetz geschriwwen ass.

Déi Oplag hätt sech aus der Praxis erwisen, sou den CSV-Buergermeeschter. Eng vue déi vun der Inneministesch Taina Bofferding awer net gedeelt gëtt.

"Mir hunn ebe festgestallt, dass et virun allem um Niveau vun de Chambres meublés, dass si Dispositiounen an hirem Bautereglement hunn déi eben awer wéi gesot do näischt verluer hunn."

Ale PAG nach net iwwerschafft

Nom Schëfflenger Buergermeeschter wier den ale PAG net iwwerschafft, mee d'Gemengt wéilt dat no a no iwwer d'PAP quartiers exitants maachen. E Gespréich d'lescht Woch mat der Inneministesch hätt do och méi Kloerheet bruecht.

"D'Gemeng huet hei eng Decisioun, eng Interpretatioun geholl déi se mat hiren Affekoten nach wäert ofklären. Fir de Rescht, ech mengen et huet ee jo ëmmer d'Recht op der Cour administrative Saachen ze reegelen déi deen een esou interpretéiert an den aneren esou interpretéiert."

De Ball léich elo bei der Gemeng, sou nach d'Taina Bofferding. Déi schléisst och de Wee op d'Geriicht net aus.

Zu Schëffleng gouf och d'Colocatioun, also déi sougenannte Kaffiszëmmer, iwwer de Bautereglement definéiert. Hei géif et awer e Gesetz ginn dat spillt, sou d'Ministesch. Datt d'Schëfflenger Gemeng miwweléiert Zëmmer an Eefamilljenhaiser elo einfach verbitt wier contraire zum Gesetz.