Fir d'Prise en charge vu Kanner mat spezielle Besoinen ze garantéiere ginn et verschidden Ulafstellen. An der Grondschoul sinn dat nieft den Enseignanten och nach pedagogesch Ekippen.
An de Lycéeë ginn et d'"equipes de soutien des élèves à besoins spécifiques", déi d'Schüler encadréieren an d'Eltere beroden. Dodertëscht kontrolléiert eng "commission d'inclusion", ob déi verschidde proposéiert Demarchen och agesat goufen.
"Ee System mat verschiddenen Niveauen"
Dëse System ass dem Rapport vum ONQS no ze komplex, erkläert d'Martine Frising, zoustänneg fir inklusiv Bildung beim ONQS.
"Dat ass wierklech ee System mat verschidden Niveauen. All Niveau huet do verschidden Acteuren, déi an d'Spill kommen. An dat ass natierlech ëmmer schwiereg, souwuel fir d'Elteren, wéi awer och fir d'Acteure selwer ze gesinn, wien zu wat fir engem Moment an där ganzer Prozedur soll an d'Spill kommen."
37 Prozent vun den Enseignanten hunn uginn, schonn ee Mol gezéckt ze hunn, eng Hëllefsstellung unzefroen. Oft aus dem Grond, well d'Prozeduren ze zäitopwänneg wieren.
Méi Donnéeë fir besser op d'Besoinen anzegoen
An oft géif dat, wat vun den Hëllefsstellungen ugebuede gëtt, och net den Erwaardungen um Terrain entspriechen, seet d'Martine Frising.
"Also dat soen d'Acteuren eis alleguer, souwuel d'Elteren, d'Enseignanten an och déi spezialiséiert Leit, datt déi Demande, déi gestallt gëtt, wierklech an och d'Resultat wat nom Diagnostik an der Berodung vun der commission d'inclusion ugebuede gëtt als Hëllefsstellung, datt dat net ëmmer deem entsprécht, wat wierklech de Besoin um Terrain ass."
Dat kéint u feelende Personalressourcë leien, oder awer well raimlech oder materiell Ressourcë géinge feelen, erkläert d'Martine Frising.
Si mengt awer och, datt et virun allem un Donnéeën iwwer déi concernéiert Schüler géif feelen, fir eng richteg Prise en charge vu Kanner mat spezielle Besoinen ze garantéieren.