Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Infrastrukturprojete fir 2023 gi wuel méi deier

Mobilitéit

Infrastrukturprojete fir 2023 gi wuel méi deier

D'Infrastrukturprojeten, un deenen dëst Joer geschafft gëtt, kéinte méi deier gi wéi geplangt. Dat fäert de Mobilitéitsminister François Bausch. Als Haaptgrond nennt de Minister d'Energiekäschten a Problemer mat de Liwwerketten.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


Fir 2023 si ronn 850 Milliounen Euro am Budget fir den Ausbau vum Stroossen-, Zuch-, an Tramsreseau virgesinn. Ee Chiffer, den also nach an d'Luucht kéint goen.

Et wier net sou, datt d'Käschte géifen explodéieren, mengt de François Bausch. Mee et géif een awer scho gesinn, datt bei verschiddene Projeten d'Präisser géien ufänken unzezéien.

Ee rezent Beispill aus dem leschte Joer ass d'Vëlosbréck zu Esch, déi ee gutt Stéck méi deier ginn ass wéi geplangt.

Grouss Investitiounen an d'Eisebunn

Iwwerdeems gëtt iwwer d'Hallschent vun den 850 Milliounen Euro an d'Eisebunn investéiert. Am Ganze gi 25 Gare moderniséiert.

De Minister François Bausch betount, dass ee gudden Deel well fäerdeg ass. D'Stater Gare zielt awer net dozou. D'Aarbechten un den neie Quaie sollen hei bis spéitstens Ufank 2024 fäerdeg gestallt sinn.

D'Moderniséierung op der Nordstreck soll dann och dëst Joer an déi leschte Phas goen. Fir de Minister François Bausch alles Puzzeldeeler vun engem gréissere Bild:

"Ech ginn dovun aus, datt mir am Joer 2028 de modernste Schinnereseau a ganz Europa hunn. De wäert weeweisend sinn, och wéi mir e konzipéiert hunn, mat deene Pôle d'Echangen, mam Zesummespill vum Rescht vum ëffentlechen Transport. Dat gëtt ee richtege Qualitéitssprong."

Op eise Stroosse bleift den Ausbau vun der A3 de gréisste Projet. Ausserdeem solle bis Enn d'nächst Joer 1.800 elektresch Opluetstatiounen am ëffentleche Raum a Betrib sinn.

Den Ausbau vun der Tram

Fir den Ausbau vun der Tram sinn 52 Milliounen Euro am Budget virgesinn. Den Ausbau vum Tram a Richtung Findel a Cloche d'Or leit dem François Bausch no gutt am Timing.

Deemno soll am Hierscht 2024 den Tracé bis op de Findel fäerdeg sinn, an am Fréijoer vun dem Joer schonn a Richtung Kockelscheier. Dëst Joer wäert iwwerdeems de weideren Ausbau presentéiert ginn:

"Ech wäert lo am Januar mat der Madamm Polfer eng Pressekonferenz halen. Do wäerte mir mat grousser Warscheinlechkeet déi éischt zwou Ausbauetappe virstellen. Dat ass hei uewen um Kierchbierg de Boulevard Konrad Adenauer. An dat zweet ass op d'Porte de Hollerich erof, also vun der Gare erof op d'Porte de Hollerich ee Gleis, duerch den neie Quartier Paul Würth."

Nach an dëser Legislaturperiod sollen eng Rei Finanzéierungsgesetzer fir den Tram gestëmmt ginn, hofft de François Bausch. De Minister betount och, datt all déi gréisser Projete bis elo gutt am Zäitplang leien, an een net mat gréisseren Delaie fir dëst Joer rechent.