Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Lumi - Cold Storm

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Informatiounszougang elo!"

Journalisteverband

"Informatiounszougang elo!"

"Informatiounszougang elo!" Esou ass de Slogan vun enger Campagne, déi d'ALJP, d'Gewerkschaft vun de Journalisten hei am Land, lancéiert huet. Et geet ëm eng méi wéi 15 Joer al Fuerderung, déi nei opliewe gelooss gëtt - an zwar mat besonnesch vill Nodrock. Dofir suergt och d'Allianz mat e puer groussen Acteuren aus der Zivilgesellschaft, déi sech un der Campagne bedeelegen.

auto_stories

3 min

An der Pandemie hätt sech nees eemol däitlech gewisen, wéi wichteg et fir d'Press ass, e gesetzlech verankerten Usproch drop ze hunn, bestëmmt Informatioune vun de Ministèren an de staatleche Verwaltungen ze kréien. Dat sot d'Presidentin vum Journalisteverband Ines Kurschat e Méindeg op der Pressekonferenz, op där d'Campagne virgestallt ginn ass:

Mat der Corona-Kris hu JournalistInnen dacks - a bis haut - ze spiere kritt, wat et heescht, keen esou e Recht ze hunn. Dat heescht nämlech eng zentralistesch gesteiert Krisen-Informatioun bei där eis bis haut wesentlech Donnéeë virenthale ginn, an déi dacks och nëmmen op méifach Nofro hin geliwwert ginn. Mir hu Pressekonferenzen erlieft, déi méi Selbstinzeenéierung waren wéi en Informatiounsort fir JournalistInnen. Dat dierf net sinn - an der deeglecher journalistescher Aarbecht net, an engem Krisenzeenario erst recht net.

D'Ines Kurschat huet och erkläert, datt et am Fong just ëm ee Saz geet, dee misst an d'Pressegesetz bäigeschriwwe ginn - een Artikel, deen all Ämter a Ministerien géif obligéieren, fir bei Medienufroe vu Journalisten direkt déi ugefroten Informatiounen ze liwweren.

E wichtegt Aarbechtsinstrument

Zënter méi wéi 15 Joer revendiquéieren d'Journalisten dat Recht. De Roger Infalt, Generalsekretär vun der ALJP (der Association luxembourgeoise des journalistes professionnels) fënnt och net, datt dat eng vermesse Fuerderung wier:

Mir als ALJP wëllen näischt, wat et net scho gëtt. Just hei zu Lëtzebuerg gëtt et et net. Wann een eriwwer an d'Nopeschlänner kucke geet, do hutt Der dat - ob dat elo Auskunftspflicht heescht oder Auskunftsrecht oder Informatiounszougangsrecht oder wéi och ëmmer. Do gëtt et dat. Mee hei zu Lëtzebuerg gëtt et dat nach net. An ech hoffen, datt den "nach" eng Folleg kritt, an datt mer kënne soen: "Sou, elo hu mer et geschwënn". Ech hoffen emol wéinstens.

De Journalisten-Verband gëtt a sengem Uleies vun enger ganzer Rei Organisatiounen aus der Zivilgesellschaft ënnerstëtzt. Zum Beispill vum Mouvement écologique, deem seng Presidentin Blanche Weber einfach net verstoe kann, firwat et esou en Informatiouns-Zougangsrecht fir d'Press net scho laang gëtt:

Et muss ee sech do wierklech grondsätzlech Froe stellen, wat do am Kapp vun deene Leit an der Regierung ofgeet, fir dat ze verhënneren. Wat ass de Grond fir net méi Transparenz ze schafen? Ass et Angscht virun opgekläerte Medien? Ass et Angscht virun engem mëndege Bierger? Eigentlech missten déi Leit, déi zënter 20, 30 Joer esou Entwécklunge verhënneren eng Kéier oppe soen, wat hir Ängschte sinn.

D'ALJP an hir Partner aus der Zivilgesellschaft hoffen, datt d'Campagne "Informatiounszougang elo!" eppes a Beweegung bréngt. Et géif net ëm e Privileeg fir d'Journaliste goen, mee ëm e wichtegt Aarbechtsinstrument, ouni dat d'Press hir Roll als Kontrollorgan net erfëlle kann.

D'Campagne huet e puer Voleten: Si wäert sech op de soziale Medien ofspillen, den 3. Mee - um internationalen Dag vun der Pressefräiheet - ass e Protestpiquet virun der Chamber geplangt. A virun allem soll am Laf vun den nächste Woche mat konkrete Beispiller illustréiert ginn, wéi Journalisten hirer Missioun ëmmer nees net nokomme kënnen, well hinne bestëmmt Informatioune virenthale ginn.