Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Elmiene - Crystal Tears

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Inflatioun méi héich wéi erwaart, Index am Wanter fälleg

Tripartite am Hierscht

Inflatioun méi héich wéi erwaart, Index am Wanter fälleg

De Statec huet e Mëttwoch seng nei Inflatioun-Previsioune verëffentlecht: 2022 wier mat enger Inflatioun vun insgesamt 6,6 Prozent ze rechnen, 2023 géif d'Präisdeierecht sech op 5,3 Prozent belafen. Domat huet de Statec seng lescht Aschätzung no uewe korrigéiert. Wat soen d'Vertrieder vun de Gewerkschaften an Industrien dozou?

auto_stories

4 min

De Statec seet datt 2022 mat enger Inflatioun vun insgesamt 6,6 Prozent ze rechnen ass. Foto: NVS my world / Bigstock

Et gesäit net esou aus, wéi wann zu Lëtzebuerg an nächster Zukunft erëm iergendeppes méi bëlleg géif ginn: D'Präisser klamme weider, virun allem déi vir Stroum a Gas.

Lauschterenplay_arrow

Dat wierkt sech op all déi aner Präisser aus - de Statec geet dovunner aus, datt eng nei Indextranche nach Enn dës Joer kéint erfalen an eng weider am zweeten Trimester 2023. Dëst wier zousätzlech zu där vum Juli dëst Joer, déi jo op den Abrëll 2023 verréckelt gouf.

De Xavier Bettel hat dowéinst op Twitter ugekënnegt, datt hien nach op déi aktualiséiert Zuele vum September waart, éier hien eng nei Tripartite wëll aberuffen.

OGBL: Nei Tripartite muss stattfannen

De Jean-Luc de Matteis vum OGBL begréisst dem Xavier Bettel säi Virstouss. Et misst ganz kloer eng nei Tripartite stattfannen, an den OGBL géing och soen datt si missten dobäi sinn. Do misst een dann awer och mat "seriöen Zuele" schaffen:

"(...) dat heescht, d'Employeure mussen d'Kaarten op den Dësch leeën. Wéi geet et de Betriber, wou sinn déi Betriber, déi Problemer hätten - an deene muss gehollef ginn. Awer net iwwer eng Indexmanipulatioun, mee iwwer konkret Hëllefen, déi mir da mussen zesummen diskutéieren"

Indextranchë gehéiere fir den OGBL-Zentralsekretär iwwerdeem net op d'Agenda: Den Index wier een Theema wat si net wéilte beschwätzen.

Den Index misst einfach erëm weiderlafen, well eng weider Verrécklung vun Indextranchë géif zu engem Index-Stau féieren. Doduerch géif, laut dem Jean-Luc de Matteis, d'Gefor bestoen, datt d'Employeure sech géifen drop behaapten, eng oder méi Tranchen hanne vum Dësch falen ze loossen.

LCGB: Kafkraaft vu Salariéë muss erhale bleiwen

Eng bësse méi vermëttelend Haltung huet de President vum LCGB, de Patrick Dury. Hie seet, et wier de Privatsecteur deen u sech de Räichtum zu Lëtzebuerg géing schafen:

"A mir mussen elo kucken, datt d'Kafkraaft vun de Salariéen aus dem Secteur net ënner d'Rieder kënnt, an op der anerer Säit kucken, fir d'Aarbechtsplazen am Secteur ze erhalen, fir datt mir net no dëser Energiekris an eng sozial Kris eralafen."

Den LCGB wéilt sech zum Index och nach net festleeën.

FEDIL rechent mat Indextranche um Enn vum Joer

D'Hausse vun de Präisser, virun allem am Energieberäich, kritt och d'Industrie ze spieren, erkläert de René Winkin, den Direkter vun der FEDIL.

D'Präisser an der Industrie wieren an dem leschte Joer immens séier eropgaangen, an dëse Mouvement géif och nach ëmmer lafen. D'Industrie misst struewelen, fir hir Präisser eropzesetze fir net gequëtscht ze ginn, esou de René Winkin.

Och wann e puer Präisser sech den Ament géinge berouegen, wier d'"Apräisung" a ganz ville Secteuren nach amgaang:

"Dofir gi mir dovun aus, datt, wann elo keng grav Rezessioun kënnt, d'Präisser nach eng Zäit wäerten héich sinn an datt forcément den Zenario vun enger Indextranche Enn dës Joer net auszeschléissen ass."

De René Winkin lauschterenplay_arrow

Den Romain Wolff vun der Staatsbeamtegewerkschaft haut iwweregens e Mëttwoch um RTL gesot, datt et keng weider Verrécklung vun Indextranchen dierft ginn.