Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Louis Cole - Dead Inside Shuffle

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Infektiounen an Altersheemer iwwer de Weekend "explodéiert"

Gesellschaft

Infektiounen an Altersheemer iwwer de Weekend "explodéiert"

Iwwer de Weekend sinn d'Infektioune mam Coronavirus an den Alters- a Fleegeheemer explodéiert, seet d'Carine Federspiel, Generaldirektesch vun ZithaSenior a Vize-Presidentin vun der Copas. Den Ament hätten op d'mannst sechs Haiser decidéiert weder Visitten, nach Sortien ze erlaben. Der Ministerin Corinne Cahen no wiere bis de Méindeg den Owend 121 Fäll bei Awunner aus 15 Alters- a Fleegeheemer detektéiert ginn.

auto_stories

2 min

Eng Majoritéit vun den Awunner hätte sech net beim Personal, mee bei de Visitten ugestach, mengt d'Carine Fedespiel, déi keng konkret Zuele wollt nennen.Trotz de Preparatioune wier een iwwer déi nei Infektiounswell iwwerrascht. Dat hätt e groussen Impakt op d'Unzuel vum Personal am Secteur, erkläert d'Carine Federspiel. De Problem géif net nëmmen an de Klinicke bestoen.

Och am Fleegesecteur wier d'Situatioun wéinst de villen Isolatiounsfäll an de Fäll vu Quarantän "brenzeleg". Dofir misst ee sech am Moment och am Extrahospitalier anescht organiséieren.


D'Carine Federspielplay_arrow


Bis elo kéinten d'Soinen nach all garantéiert ginn, mee de Secteur misst sech total ëmorganiséieren. Gëschter hat d'Copas eng Entrevue mam Spidolssecteur fir doriwwer ze schwätzen. Do wieren eng Rei Mesuren diskutéiert, awer nach net decidéiert ginn, esou d'Carine Federspiel.

Copas proposéiert Stufemodell

D'Copas proposéiert iwwerdeems fir e Stufemodell an den Alters- a Fleegeheemer anzeféieren. Wann nach kee Fall an enger Struktur deklaréiert gouf, si Visitte weiderhin ouni Limitten erlaabt, erkläert de President vum Copas-Verwaltungsrot Marc Fischbach. An der Stuf zwee goufen een oder e puer Covid-19-Fäll festgestallt. Dee Moment wieren déi Responsabel an de Gebaier ugehalen, d'Visitten ze kontrolléieren an ze encadréieren. Wann et eng héich Zuel un Infektiounen an engem Alters- oder Fleegeheemer gëtt, gëtt den Niveau dräi declenchéiert. Da gëtt d'Struktur fir Visitten a Sortien zougemaach. Dat awer nëmme fir eng kuerz Zäit, maximal 14 Deeg, betount de Marc Fischbach. Et wéilt een net nees d'Awunner komplett vun der Baussewelt ofschneiden, esou wéi dat wärend dem Lockdown de Fall war.

D'Familljeministerin Corinne Cahen begréisst op Nofro dës Propos vun engem Genre Ampelsystem fir d'Alters- a Fleegeheemer. Allerdéngs recommandéiert de Ministère fir allgemeng esou mann wéi méiglech Visitten oder Sortien ze maachen, fir d'Awunner ze schützen.