Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Delegation - Oh Honey

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Inegalitéiten ausmerzen hëlleft de Leit alleguer"

Politik a sozial Gerechtegkeet

"Inegalitéiten ausmerzen hëlleft de Leit alleguer"

D'Chèques services-accueil (CSA) hunn, dem STATEC no, e positiven Impakt op den Aarmutsrisiko hei am Land. An der Period 2013-2016 wier den Aarmutsrisiko vu Stéit mat Kanner ëm ee bis zwee Prozentpunkte gefall, den Aarmutsrisiko just vu Kanner wier mat de Chèques services souguer ëm fënnef bis sechs Prozentpunkten erofgaangen. "De Problem gëtt heimat net fundamental geännert", seet de Robert Urbé vun der Caritas.

auto_stories

5 min

Robert Urbé. Foto: Archiv.

De STATEC huet a senger Etüd de Wäert vun de Chèques services, déi jo eng Sachleeschtung sinn, bei d'Akommes vum Stot dobäi gerechent. Ass dat net Äppel mat Biere verglach? Geet déi Rechnung iwwerhaapt op?

Robert Urbé: Jo, mir fanne schonn. Dat si jo Suen, déi d'Leit dee Moment gespuert hunn. A Suen, déi een net ausgi muss, huet een zur Verfügung fir eppes aneschters. Vun dohier kann een dat schonn esou maachen. Bei verschiddenen Analysen, zum Beispill wa mir froen: ass de Mindestloun héich genuch?, oder: ass den RMG héich genuch?, rechne mir selwer och ëmmer aner Saachen dobäi, wéi de gratis Transport oder eben och d'Chèques services, fir effektiv den Niveau de vie ze hunn, vun deem ee kann ausgoen an net eppes Fiktives, wou net alles berécksiichtegt gëtt.

D'Regierung argumentéiert jo, datt d'Statistiken iwwer den Aarmutsrisiko déi Sachleeschtungen eben net a Betruecht zéien. An deem Sënn misst een déi Zuelen da relativéieren ...

D'Regierung huet u sech ëmmer zwee Argumentatiounssträng geféiert. Deen éischte war fir ze soen, dee Revenu médian, un deem sech orientéiert gëtt fir den Aarmutsrisiko, deen ass zu Lëtzebuerg ze héich, well hei vill Leit vill héich Gehälter verdéngen. Dat ass methodologesch mol falsch, mee dat ass ëmmer esou behaapt ginn. An dofir misst een éischter kucken, wat d'Leit wierklech brauchen. Dofir war och virun e puer Joer eng Etüd gemaach ginn iwwer e sougenannte Budget de référence, wou jo d'lescht Woch déi Beträg aktualiséiert goufen. Do ass awer dunn erauskomm, datt dat wat d'Leit brauchen eigentlech méi ass, wéi dat wat dee sougenannten Aarmutsrisiko ausgemaach huet. Sou datt d'Regierung deen Argumentatiounsstrang zanter 2016 net méi verfollegt.

"D'Chèques services änneren de Problem net fundamental"

Elo gëtt also argumentéiert mat deene Mesuren, wou d'Leit dann eppes en nature kréien. Natierlech ass et richteg, datt een dat muss berücksichtegen. Do si mir duerchaus d'accord. Mee da soll een dat maachen, an dat hei ass jo esou e Beispill an en Ufank, wéi een dat ka maachen. Da kënnt jo och eraus, datt d'Situatioun tatsächlech besser ass. Dat ass net verwonnerlech, wann een déi Saache mat berücksichtegt, déi d'Leit fir näischt kréien. Dat stëmmt schonn. Mee op där anerer Säit ass et awer esou, datt domat de Problem nach net aus der Welt geschaaft ass. Well ob mir elo 16,5 Prozent Aarmer hunn oder 14,9 Prozent, dat ännert elo net de Problem fundamental.

Déi Zuele vum STATEC komme jo an engem bestëmmte Kontext. An e puer Méint si Chamberwahlen, den offizielle Wahlkampf ass nach net am Gaang, mee déi meeschte Parteien hunn hir Wahlprogrammer scho virgeluecht. Hutt Dir do kënnen Akzenter erkennen, déi an d'Richtung vu méi sozialer Gerechtegkeet ginn? Oder ass dat keng richteg Prioritéit fir d'Parteien?

Also, an deem engen oder anere Fall gëtt dovu geschwat, vu Froe vu Gerechtegkeet oder Inegalitéiten, oder och vun Aarmut. Mee ech hunn awer elo keng wierklech präzis Mesure gelies, wou da gesot gëtt: "wat maache mir dann elo dogéint?" Dat feelt eigentlech nach, wann ee sech dann elo wierklech iwwerleet, wat ee wëllt maachen, fir dogéint unzegoen, wann ee mol de Besoin als solchen erkannt huet. Bis elo ass jo meeschtens gesot ginn, de Besoin ass eigentlech net do hei zu Lëtzebuerg, d'Chifferen, déi soen eppes anescht, wat net stëmmt. Bon, elo sinn eenzel Parteien, déi soen: "dach, et ass e Problem a mir mussen en ugoen". An da si mir mol nach gespaant, wéi si e wëllen ugoen.

Kann et sinn, datt esou eng Thematik hei am Land net vill Stëmmen abréngt? Vläicht och well de Gros vun de Wieler net selwer betraff sinn?

Dat ass richteg. Dat ass och e Verdacht, dee mir mol haten, firwat datt et elo net onbedéngt bei de Politiker esou e groussen Aha-Effekt mécht. Effektiv sinn déi Leit, déi vun der Aarmut betraff sinn, éischter auslännescher Nationalitéit wéi Lëtzebuerger. Also d'Auslänner sinn dräimol souvill betraff wéi d'Lëtzebuerger. Vun dohier kann ee soen, datt dat elektoral net deeselwechten Effet huet. Mee och bei de Lëtzebuerger bleiwen dann awer och 7 Prozent, déi ënner dem Aarmutsrisiko leien. An och ëm déi kéint ee sech jo awer këmmeren. Op där anerer Säit wier et souwisou eigentlech zynesch, fir nëmmen no deenen ze kucken, déi wierklech och wielen ...

Elo am europäesche Kontext gekuckt, wou de Populismus ëmmer méi Afloss kritt, ënner anerem wat d'Haltung géigeniwwer Flüchtlinge betrëfft, schéngt et eng Tendenz ze ginn, déi doranner besteet, sech allgemeng vu Leit wëllen ofzegrenzen, deenen et net esou gutt geet. D'Politik gräift déi Stëmmung dacks op. Besteet do net d'Gefor, datt de Problem vun der Aarmut lénks leie gelooss gëtt?

Jo, dach, dat ass sécher richteg. Soulaang wéi d'Politiker eben dat Spill matmaachen amplaz sech deem wéi e Mann oder eng Fra géintiwwerzestellen an da mol mat der Wourecht erauszerécken ... De Problem ass jo deen, datt entgéint deem wat gefaart gëtt, d'Ënnerstëtzung vun deene Leit net dozou féiert, datt et deenen anere méi schlecht geet. Am Géigendeel. Dat weisen all Etüden no: wann een Inegalitéiten an engem Land ausmerzt, dann hëlleft dat de Leit alleguer, da geet et dem Land insgesamt besser. Vun dohier léich et eigentlech a jiddwerengem sengem Interesse. Mee et ass awer esou, datt vill Leit mengen, si géifen dann drënner leiden.

Et gëtt jo och gesot: "d'Flüchtlingen huelen eis eis Aarbechtsplazen ewech", asw. Dat ass jo och alles net wouer. Et kënnt jo e minimale Prozentsaz vu Flüchtlingen an d'Land, wann ee vergläicht mat deene Leit, déi souwisou an d'Land kommen, well mer zéngdausenden Aarbechtsplazen nei schafen, déi mir net selwer kënne besetzen. An dovu sinn déi manner wéi 2.000 Flüchtlingen dann e ganz klengen Deel, an déi géifen do u sech jo näischt ausmaachen. Mee dat sinn awer Ängschten, déi Leit äusseren. A wann deenen net "mannhaft" oder "frauhaft" eppes entgéintgesat gëtt, da verfestegen déi sech. An et gëtt Politiker, déi spillen domat, an déi kachen dorop hir Zëppchen.