Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Indextranche erfält fir den 1. Oktober

Präisdeierecht

Indextranche erfält fir den 1. Oktober

Wéinst der Präisdeierecht an de leschte Méint gëtt et op den Dag vun haut eng Indextranche. Ënner anerem d'Salairen an d'Pensioune klammen domat automatesch ëm 2,5 Prozent. Dat huet de Statec per Communiqué matgedeelt.

auto_stories

4 min

Symbolbild. Foto: Bigstock / andreyphoto63

Den Inflatiounstaux vun de Präisser läit fir de Mount September bei 2,7 Prozent. Domat klëmmt de Präisindex am Schnëtt op iwwer de Seuil vun 895,78 Punkten - eng Indextranche gëtt deemno fälleg.

Den neien Index läit elo bei 855,62 Punkten - virdru louch e bei 834,76 Punkten. Dëst Resultat ass nach provisoresch, de 6. Oktober sollen déi definitiv Resultater verëffentlecht ginn.

D'Präisser si geklommen

Am honnertste Joer vum Lëtzebuerger Indexmechanismus gëtt et also eng Indextranche. Déi lescht gouf et virun 22 Méint am Januar 2020. An de leschten zéng Joer goufen et siwen Indextranchen, mat där Tranche vun haut abegraff.

Lauschterenplay_arrow

Wärend där Zäit sinn och d'Präisser geklommen: den Indexsystem ass an engem Gesetz verankert fir ebe grad déi Präisdeierecht ze kompenséieren.

D'Belsch ass dat eenzegt europäescht Land mat engem änleche System. Agefouert gouf en zu Lëtzebuerg virun 100 Joer fir Eisebunner a Beamten, 1975 gouf e fir all d'Salariéeën ausgeweit.

Index ass reegelméisseg Sträittheema

Et war an de leschte 15 Joren och e puer mol e gréissere Sträittheema, an der Politik an och tëscht Regierung, Gewerkschaften a Patronat.

D'Patronen hunn de System kritiséiert mam Argument, d'Léin géifen ze séier klammen; an d'CSV-LSAP-Regierunge vun 2004 an 2009 wollten Ännerungen um Gesetz well d'Indexéierung och géif d'Staatsfinanze belaaschten.

2006 goufe verschidde Sozialleeschtungen desindexéiert, sou zum Beispill d'Kannergeld. Genee op deem Punkt huet déi aktuell Blo-Rout-Gréng Koalitioun versprach, dat nees ze änneren, an d'Kannergeld nees deemnächst un d'Indexéierung ze koppelen.

Et ass awer nach net kloer, wéini genee dat geschitt, an och net, ob de Verloscht kompenséiert gëtt, deen duerch d'Desindexéierung entstanen ass.

Sozialdialog huet gelidden

2010 krut de Sozialdialog zu Lëtzebuerg eng gréisser Schréips, wéinst ënner anerem de Streidereien iwwert den Index. D'Tripartite ass deemools doru gescheitert, an zanterdeem dinn d'Sozialpartner sech schwéier sech un e groussen Dësch ze setze fir iwwer national Erausfuerderungen ze verhandelen.

Fir déi dräi Joren 2012, 2013 an 2014 huet d'CSV-LSAP-Regierung vun deemools dunn decidéiert, den Indexsystem ofzeschwächen. D'Inflatioun war deemools héich: dräi Tranchë goufe mat enger ganzer Rei Méint Verspéidung applizéiert. Zanter 2015 ass d'Gesetz nees esou, wéi virun de Joren 2012 war, ouni iergendwellech Verschlechterungen.

DP: Indextranche soll och an der Re-Indexéierung vum Kannergeld mat aberechent ginn

D'Demokratesch Partei wëll sech dofir asetzen, datt d'Indextranche vun haut bei der Re-Indexéierung vum Kannergeld mat aberechent gëtt. Dat huet den DP-Fraktiounspresident Gilles Baum de Mëtteg op Twitter ze verstoe ginn. Op eis Nofro sot hien, et wéilt ee verhënneren, datt dës Tranche den Eltere "laanscht Nues geet" - dat virum Hannergrond, datt déi nächst eréischt an annerhallwe bis zwee Joer kéint erfalen.

D'Fuerderunge fir d'Indexéierung vum Kannergeld retroaktiv auszebezuelen hält de Gilles Baum net fir realistesch. Dofir wier déi finanziell Situatioun vum Staat net gutt genuch. De Gesetzprojet, dee virgesäit d'Kannergeld vum 1. Januar d'nächst Joer un erëm un d'Präisdeierecht unzepassen, ass de Moment um Instanzewee.