Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Independanten a kleng Commercen: "Et geet net méi laang"

Wirtschaftlech Auswierkunge vun der Quarantän

Independanten a kleng Commercen: "Et geet net méi laang"

Vill Independanten a kleng Commercë maache sech den Ament eescht Suergen, datt si dës Kris finanziell net wäerten iwwerliewen. De Pierre Reyland huet mat e puer vun hinne geschwat.

auto_stories

4 min

D'Nathalie Rosso huet Kleederbuttek, dee lo zou ass. Si weess net ob si finanziell iwwerliewe kann, wann de Staat net méi hëlleft. Momentan kënnt kee Revenu méi eran.

"Ganz kléng Betriber probéier meeschtens vu Mount zu Mount z'iwwerliewen. Mir hu fir dëse Mount warscheinlech nach genuch fir ze liewen, fir eis e Stéck Brout ze kafen. Den nächste Mount geet et bei ganz ville Betriber net méi duer. Wéi laang dat nei nach geet? Et geet net laang..."

An eng änlecher Situatioun ass de Yannis. Hien ass de Bedreiwer vun engem Café um Aldringen an der Stad. Dëse Café ass zanter de 1980er Joren e beléiften Treffpunkt an der Stad. Duerch de Bau vum neie Shopping Zenter um Hamilius hat de Café et an de leschte fënnef Joer scho schwéier fir z'iwwerliewen. D'Corona-Kris kéint dee leschte Stouss ginn. Seng Reservë géifen nach duergoe fir ee Mount.

De Loyer ass fir Independanten e grousse Problem

Beim Loyer-Problem kënnen d'Independanten den Ament nach net op staatlech Hëllef hoffen. De Wirtschaftsminister Franz Fayot huet bei der Presentatioun vum Covid-19-Stabiliséierungsfong fir d'Ekonomie de leschte Freideg dat widderholl, wat och de Premier Xavier Bettel scho gesot hat.

"D'Loyeren oder aner pivat Creancen ass e bësse méi schwéier, fir ze intervenéieren. Do misst een och en Appell un déi gutt Volontéit vun de Proprietairë maachen, fir an dëse schwéieren Zäite verstänneg ze sinn, ouni datt direkt vun der Regierung mat enger staatlecher Mesure agegraff gëtt."

Wou de Staat schonn agegraff huet ass bei de Steieren an de soziale Kotisatiounen. D'Bezuelen vun de cotisations sociales huet d' Regierung no hanne geréckelt. Et gëtt eng Suspensioun vun den Zënsen, déi bei Retarde vu Payementer fälleg wieren, a vum recouvrement forcé vun de Kotisatiounen. An och den Dierwiechter, deen am Fall vun net-Bezuele virun der Dier stoe kéint, kënnt elo mol net.

Independante fuerdere Suppressioun vun engem Deel vun de soziale Cotisatiounen

"Dat ass jo ganz fein", seet den Giovanni Patri. Hien ass selwer Independant. Hien huet op Facebook eng Initiativ gestart, fir sech mat aneren Independanten auszetauschen, a sech bei Organisatioune wéi der Chambre de Commerce a bei der Regierung fir si anzesetzen. An Tëschenzäit hätt säi Facebook Grupp iwwer 4.000 Memberen.

Wat d'sozial Kotisatioune betrëfft, géife vill Independante fuerderen, datt déi Kotisatiounen net just suspendéiert, mee op d'mannst zum Deel suppriméiert misste ginn.

"D'Fransousen, d'Belsch, d'Polen (...) déi hunn all Hëllef opgesat ouni Remboursement. An hei zu Lëtzebuerg seet ee just, hei lauschtert, mir maachen eng Paranthese wärend e puer Méint, mee déi dräi Méint, wou der normalerweis hätt misse bezuelen, déi wäert der awer bezuelen, mee Juli. Dat heescht, am Juli stinn d'Leit direkt mat enger Dette vun 1500-2500 Euro, ouni ee Su verdéngt ze hunn. Dat heescht, wéi maachen d'Leit et, fir dat ze bezuelen?"

D'Independanten zielen net op d'Banken

De Wirtschaftsminister Franz Fayot huet och e Gesetzprojet deposéiert, fir kléngen a mëttelgrousse Betriber mat Avancë finanziell ze hëllefen. Och mat de Banke géif diskutéiert ginn, fir Prêten zu gënschtege Konditiounen ze ginn..

"Da fänke mer schonn erëm verscholt un", seet dozou d'Nathalie. Bis elo wier et fir si an hiert Kleedergeschäft och schwiereg gewiescht fir e Kredit bei enger Bank ze kréien. "(...) well dee Kredit ass fir Betriber, déi gutt do stinn an net fir déi, déi schlecht do stinn. Oder fir Betriber, déi nach net méi al wéi dräi Joer sinn."

Och de Café-Bedreiwer Yannis ass bis elo éischter skeptesch, wat d'Banken ugeet. All Kéier wann hie se bis elo gebraucht hätt, hätten se him net gehollef, seet hien.

D'Zukunft vu villen Independanten a klénge Geschäfter zu Lëtzebuerg, ass, wéi sou villes an dëser Kris, ganz ongewëss.

"De Moment sëtze mer mat ganz vill Froen do, wéi et fir eis elo weider geet, wéi eis gehollef gëtt. Vu wat mer iwwerhaapt wäerte liewen."