D'Beetebuerger LSAP ass net just bei de Gemengewale fir d'drëtt hannerteneen op der Oppositiounsbänk gelant, mee et gouf och duerch e Bericht vum radio 100,7 ëffentlech, datt d'Beetebuerger LSAP-Spëtzekandidaten der lokaler DP an hirer Verzweiwlung eng Minoritéitskoalitioun offréiert hunn, déi nëmme fonctionéiert hätt, wa se vun der rietspopulistescher ADR ënnerstëtzt gi wier.
Déi Informatioun ass relevant, well vill Parteien zu Lëtzebuerg eng Zesummenaarbecht mat der ADR ausschléissen, wéinst e.a. hire Positiounen zu Immigratioun a Klimawandel.
Grad d'Sozialisten hu sech op nationalem Plang scho méi wéi eng Kéier mat der ADR ugeluecht: Am Dezember réischt hat den LSAP-Wirtschaftsminister Franz Fayot d'ADR an der Chamber als "rietsextrem" bezeechent, wourop den ADR-President de Wirtschaftsminister "Topert" genannt huet.
No eisem Bericht iwwert de Koalitiounsvirschlag vun der 'Beetebuerger LSAP huet de Gusty Graas (DP) d'Versioun vun de Faite confirméiert. An och d'LSAP-Spëtzekandidate vu Beetebuerg hunn zouginn, datt si dem Gusty Graas an der Walnuecht de Buergermeeschterposten an also eng Minoritéitskoalitioun offréiert hunn. De Gusty Graas sot am 100,7-Interview, an deem Gespréich wier vun enger Toleranz duerch d'ADR Rieds gaangen.
An Tëschenzäit huet d'Beetebuerger LSAP och zouginn, datt hir Spëtzekandidate sech fir hire Feeler entschëllegt hätten. An datt et intern Kritik um Virgoe gi wier.
Amplaz dat direkt zouzeginn, huet d'Beetebuerger LSAP et fir d'éischt emol virgezunn d'Press a Fro ze stellen, via Pressecommuniqué a Facebook : "D'LSAP Beetebuerg dementéiert formell all absurd Spekulatiounen, wéi se haut an engem Presseartikel vum 100komma7 ze liese sinn."
Wann een deen Hin an hir observéiert, mierkt ee fir d'éischt emol, datt et do eng Sektioun gëtt, déi alles anescht wéi souverän ass. Doriwwer eraus ass et awer inakzeptabel d'Journalisten, déi onbequeem Wourechten opdecken, duerzestellen, wéi wa si alles erfonnt hätten. Et ass nach net laang hir, datt d'DP-Buergermeeschtesch Lydie Polfer eng 100,7-Meldung, déi hir net an de Krom gepasst huet, ëffentlech an de Kontext vu "fake news" gesat huet. A mir hunn et schonn deemools gesot: Wann och déi grouss Parteien an enger Demokratie ufänken esou Attitüden unzehuelen, da muss een dat op d'Schäerfst condamnéieren.