Impfung Impfunge bis Mëtt 2021

Den Direkter vum Departement fir Infektioun an Immunitéit am Luxembourg Institute of Health geet dovun aus, datt bis Mëtt 2021 grouss Deeler vun der Bevëlkerung wäerte géint de Coronavirus geimpft sinn. Deemno wier vum nächste Summer un nees en normaalt Liewe méiglech.

Maurice Molitor (Interview) / Claude Biver (Web)

Prof. Markus Ollert
De Professer Markus Ollert ass Direkter vum Departement fir Infektioun an Immunitéit am Luxembourg Institute of Health

D'Impfstoffer, déi am Moment an der Prozedur si fir zougelooss ze ginn, hält hie fir onbedenklech.

Datt se esou séier disponibel waren, wier dem glécklechen Ëmstand ze verdanken, datt zanter Kuerzem an der Vaccins-Fuerschung - an zwar onofhängeg vum Coronavirus - eng nei Technologie agesat gëtt, déi esou eng séier Entwécklung iwwerhaapt eréischt méiglech mécht, esou de Professer Ollert vum LIH.

Hie selwer géif sech op jiddwer Fall ouni Bedenken impfe loossen. De Professer Ollert hätt sech aus deenen ënnerschiddlechen Impfstoffer een erausgesicht, dee fir hien optimal ass, mee hie misst awer nach kucken, ob hien e kréie kann. Suerge mécht hie sech awer net:

"Aber natürlich gibt es derzeit bei denjenigen, die jetzt schon kurz vor der Zulassung stehen, keinerlei Bednken. Weder hinsichtlich der Wirksamkeit, noch hinsichtlich des Nebenwirkung-Profils.

Eng logistesch Erausfuerderung

Bei deenen enorme Quantitéiten, déi gebraucht ginn, wier d'Produktioun vu genuch Vaccin natierlech eng grouss Erausfuerderung. Hie wier awer zouversiichtlech, datt dat geléngt, esou de Professert Ollert, an dat och zäitno.

"Ich denke, das ist eine Frage von mehreren Monaten. Also wir können nicht davon ausgehen, dass wir flächendeckend ganz Europa und auch nicht ganz Luxemburg schon im Januar geimpft haben. Das wird dauern, weil auch nicht soviel Impfstoffe zur Verfügung stehen werden. Das wird sich über die Zeit erst zeigen, wie schnell das geht. Aber ich gehe davon aus, dass das binnen eines halben Jahres sehr weit sein werden."

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Henry-Michel Cauchie
Coronavirus

De Coronavirus ass zanter Mëtt Februar zu Lëtzebuerg present: Spueren dovun hätten nodréiglech an Ofwaasser-Prouwe kënnen nogewise ginn, sot de Fuerscher Henry-Michel Cauchie vum LIST.

JC Schmit
Coronavirus

Et géif e puer Méint daueren, bis déi Leit déi wëllen, alleguer géint Covid geimpft sinn, seet den Dokter Jean-Claude Schmit. Den Direkter vun der Santé geet vun enger Zäitspan vu sechs Méint aus.

Programm

  • Vun 10 bis 2

  • On air

    Noriichten

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen