Radioen

On air

Tockcity  |  Kneecap - Sick In The Head

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Impfung vu Spidols-Verwaltungsréit: Recommandatioune ware bekannt

Group HRS

Impfung vu Spidols-Verwaltungsréit: Recommandatioune ware bekannt

Wéi d'Presidence vum Verwaltungsrot vun den Hôpitaux Robert Schuman eng Covid-Impfung krut, haten d'Spideeler eisen Informatiounen no scho gesot kritt, datt d'Verwaltungsréit net wärend der éischter Phase vum Covid-Impfplang un d'Rei kéimen.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


Wéi mir d'lescht Woch gemellt haten, datt dräi Membere vum Verwaltungsrot vum Spidolsgrupp ganz fréi eng Impfung kruten, hat den Spriecher vun den Hôpitaux Robert Schuman eis gesot, d'Spidol wier réischt den 18. Januar vun der Spidolsfederatioun iwwer den Impfplang informéiert ginn, de President an déi zwee Vizepresidente vum Spidolsgrupp wieren awer de 15. Januar scho geimpft ginn. Virdrun hat den HRS dem Tageblatt och nach den 20. Januar genannt an dat duerno revidéiert.

Eisen Informatiounen no huet d'FHL de Spideeler, dorënner och dem HRS, dës Informatioun awer schonn den 13. Januar mëndlech ginn. Dat an enger Reunioun tëschent de Spideeler, der Spidolsfederatioun an dem Gesondheetsministère. Den 18. Januar wier dunn nach emol e Mail mat de Prezisiounen un d'Spideeler erausgaangen.

Konventioun tëschent Spideeler a Ministère

D'lescht Woch hate mir gemellt, datt déi dräi Membere vum Verwaltungsrot, de President Jean-Louis Schiltz an d'Vizepresidente Michel Wurth a Claude Seywert, géint Covid19 geimpft goufen, obwuel d'Membere vun de Verwaltungsréit vun de Spideeler dem Gesondheetsministère no réischt um Enn vun der zweeter Phas sollen un d'Rei kommen. Zu eiser Informatioun, datt d'Spideeler schonn den 13. Januar Bescheed wossten, wollt de Spriecher Marc Glesener näischt soen.

Et kënnt derbäi, datt och eng Konventioun tëschent de Spideeler an dem Ministère kloer definéiert, datt just Leit, déi kontraktuell mam Spidol verbonne sinn, dierfe geimpft ginn. Déi Konventioun kruten d'Spideeler den 8. Januar geschéckt a se ass an der Woch vum 11. Januar ënnerschriwwe ginn, a läit eis vir. Normalerweis si Membere vum Verwaltungsrot net kontraktuell un d'Haus gebonnen.

Och d'Informatioun, datt de President an d'Vizepresidente sech reegelméisseg um Site Kierchbierg respektiv Zitha géifen ophalen, krute mir net confirméiert. D'Rendezvouse vum CA wieren alleguerten online ofgehale ginn, krute mir verséchert. Allerdéngs wier de President Jean-Louis Schiltz méi dacks um Terrain gewiescht wéi déi zwee Vizepresidenten.

Well net genuch Impfstoff do ass fir all d'Leit mateneen ze impfen, huet Lëtzebuerg e 6-Stufeplang, deen definéiert, wie wéini un d'Rei kënnt. Déi éischt Phase si mam Eethikrot ofgeschwat fir eng sënnvoll a gerecht Prioriséierung ze maachen.


Update 15:22 De Sven Clement, Deputéierte vun de Pirate, fuerdert op Twitter "Konsequenzen":