Radioen

On air

E-Lodie  |  Metal Meltdown

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Impfstoffer: EU-Akafsweenchen net voll genuch?

CORONA-PANDEMIE

Impfstoffer: EU-Akafsweenchen net voll genuch?

EU-Kommissioun weist Kritik iwwer eng falsch Strategie beim Akaf vun Impfstoffer zeréck: et wollt een op méiglechst vill Päerd setzen an et wier och genuch Impfstoff bestallt ginn. Allerdéngs gëtt et den Ament een Engpass an der Produktioun.

auto_stories

5 min

D'EU huet zesummen Impfstoff géint de Coronavirus akaaft. Dat gouf als Succès gefeiert, well doduerch ee Konkurrenz-Kampf tëschent de Länner verhënnert gouf. Allerdéngs koum elo Kritik op un der Manéier, wéi d'Kommissioun deen Akaf organiséiert huet.

D'Ausso vum däitsche BioNTech-Chef Uğur Şahin an engem Interview am Spiegel, datt dee Prozess mat der EU net esou séier ofgelaf ass, wéi mat anere Länner, huet fir Diskussioune gesuergt. De bayresche Ministerpresident Markus Söder huet duerno weideren Ueleg an d'Feier geschott a gesot, Bréissel wier ze bürokratesch virgaangen.

Engpass läit bei de Produktiounscapacitéiten

D'Europäesch Kommissioun huet gëschter dorop reagéiert. Ënner anerem mat der Ausso, et wier éischter ze vill wéi ze mann Impfstoff akaaft ginn, esou de Chef-Spriecher vun der Europäescher Kommissioun Eric Mamer an enger Pressekonferenz. "Mir hu Kontrakter ënnerschriwwen, déi de Member-Staaten Zougank zu zwou Milliarden Dosisse ginn. Dat ass méi wéi gebraucht gëtt fir d'ganz Populatioun an der EU ze impfen. De Problem ass kee vun der Unzuel vun Dosisse mee vun de Produktiounscapacitéiten".

Dee Problem ass dowéinst esou akut, well bis elo just ee vun de sechs Impfstoffer, déi op EU-Niveau bei verschiddenen Entreprisë virbestallt goufen, och zougelooss ass.

Et handelt sech ëm de Vaccin vu Pfizer-BioNTech, vun deem um Ufank 200 Milliounen Dosissen op der EU-Commandë stoungen, a fir deen elo Verhandlungen iwwer den Akaf vu weideren 100 Milliounen Dosisse lafen.

Duerno weess ee méi

D'Kritik, déi virun allem aus Däitschland kënnt, mee déi och zum Beispill den CSV-Chef Frank Engel op Facebook opgräift, ass déi heiten: firwat gouf da net méi vun deem Stoff kaf?

D'EU huet vun Ufank un op ee Mix esou wuel bei den Entreprisë wéi och bei den Impf-Technologië gesat, seet dozou de Stefan De Keersmaecker, Porte-Parole vun der Kommissioun a Gesondheetsfroen: "Mir wollten net an eng, mee an e puer Entreprisen investéieren. Déi Approche gouf op héchstem Niveau vun de Memberlänner ënnerstëtzt".

Op där Basis goufe Kontrakter mat sechs verschiddenen Entreprisen ofgeschloss. De Memberlänner sti jeeweils prozentual zu der Zuel vun den Awunner entspriechend vill Dosissen zou. Si hu sech engagéiert, déi Dosissen duerno och ze kafen, ënner der Konditioun awer, datt deen Impfstoff iwwerhaapt zougelooss gëtt.

Grouss Ënnerscheeder an de Präisser

Och de Präis huet eng Roll gespillt beim Choix vun den Hiersteller. Den Impfstoff vun den däitsch-amerikanesche Produzente Pfizer-BioNTech ass verhältnisméisseg deier. Eng Dosis kascht d'EU 12 Euro, eng vun der Firma AstraZeneca géif mol keng zwee Euro kaschten. Vum Vaccin vun där brittesch-schweedescher Firma huet Bréissel och 300 Milliounen Dosisse bestallt. Verschiddene Medien no hu virun allem osteuropäesch Länner drop gepocht, bei deene Commanden, net ze vill vun deene méi deieren Impfstoffer anzekafen.

D'Kommissioun wollt dat gëschter op Nofro net confirméieren.

Och net, datt Frankräich Drock gemaach huet, datt och solle bei der franséischer Entreprise Sanofi 300 Milliounen Impfstoff-Dosisse bestallt ginn. Dat gouf gemaach a gëtt elo kritiséiert, well deen Impfstoff eréischt Enn des Joers prett soll sinn.

Am Summer, wéi déi Verhandlunge geféiert goufen, wier et net méiglech gewiescht ofzegesinn, wéi ee Stoff wéi séier zur Verfügung géif stoen, esou och een Argument vun der Kommissioun.

Experte streiden den Ament doriwwer, ob een hätt kënnen éischter virausgesinn, datt de Vaccin vu BioNTech deen ass, deen um Enn am séierste prett ass.

Däitsche Medien no hätt d'Kommissioun am November, wéi de Kontrakt ënnerschriwwe gouf, d'Méiglechkeet gehat, méi grouss bei Pfizer-BioNTech anzekafen. Dat gouf gëschter net dementéiert.

"Ech ka just soen, datt mer net alles op eng Kaart setze wollten. Mir wollte sécher sinn, dat duerno genuch Impfstoff do ass an d'Chancen erhéijen, een Impfstoff ze fannen, dee Succès huet an och sécher ass", esou d'Äntwert vum Stefan De Keersmaecker.

Pfizer: Keng Problemer bei Produktioun a Liwwerung

Nodeems mediewierksam a villen EU-Länner no Chrëschtdag mam Impfen ugefaange gouf, ass elo eng Diskussioun iwwer Liwwerungs-Datumer entstanen. Et ass manner Stoff vu BioNTech do, wéi kéint an den EU-Länner verimpft ginn.

D'Länner ginn d'nämmlecht behandelt, seet dozou de Kommissiounsspriecher. Déi éischt Liwwerunge wieren europawäit de 26. Dezember erausgaangen.

Op deem Dag krut de Grand-Duché effektiv déi éischt 9.750 Dosissen aus dem belsche Wierk vu Pfizer geliwwert. Eng zweet Charge sollt gëschter ukommen, deen Datum gouf awer du verluecht. Dat sot de Luc Feller, Haut Commissaire à la protection nationale dem radio 100,7 déi lescht Woch.

Pfizer stellt dat op eis Nofro anescht duer. Lëtzebuerg hätt de 26. Dezember d'Dosisse vun der zweeter Fouer scho matgeliwwert krut, esou eng Spriecherin vu Pfizer an der Belsch.

Et géif och allgemeng keng Problemer bei der Produktioun an de geplangte Liwwerungen. Informatiounen iwwer Datumen oder Volumme vu weidere Liwwerunge géing d'Entreprise net erausginn.

D'EU-Kommissioun kann do och keen Iwwerbléck liwweren. Eng Lëscht doriwwer, wéi vill Impfstoff jiddweree krut, géif et net ginn. Et sollt een awer bedenken, datt et vun Ufank u kloer war, datt deen Impfstoff eréischt no an no produzéiert an ausgeliwwert géif, gëtt de Porte Parole Eric Mamer ze bedenken. Dowéinst wier et och erstaunlech datt elo scho jidderee wësse wielt, firwat net schonn all d'Dosissen zur Verfügung stinn.

Wat bleift sinn eng Partie Ongewëssheeten iwwer déi Kontrakter, déi d'EU ofgeschloss huet, an déi net public gemaach goufen. Kritik doriwwer koum aus dem Europaparlament, dat hei méi Transparenz gefrot huet. D'Kommissioun an d'Memberlänner beruffe sech awer op d'Confidentialitéit, déi bei esou Verträg üblech wier.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.