EU-SOMMET Impfstoff-Enkpass am Mëttelpunkt vun den Diskussiounen

D'Relatiounen tëscht der EU an der Tierkei an d'Beschafen an d'Verdeele vun Impfstoffer sinn d'Haaptsujeten haut a muer um EU-Sommet. D'EU-Kommissioun huet kuerzfristeg eng nei Propose fir eng Export-Kontroll vu Vaccine gemaach. Déi ass awer ëmstridden.

Danièle Weber (Bréissel) / cbi

De Charles Michel am Conseils-Gebai um Wee op ee Videokonferenz
De Charles Michel am Conseils-Gebai um Wee op ee Videokonferenz. Foto: EU / Dario Pignatelli

An 19 EU-Länner klëmmt d'Zuel vun den Infektiounen, a 15 och déi vun den Hospitalisatiounen, sot gëschter d'EU-Gesondheets-Kommissärin Stella Kyriakides. Fir d'Situatioun ënner Kontroll ze kréien, wier et besonnesch wichteg, datt d'Länner genuch Impfstoff zur Verfügung hunn.

Däitschland wëllt Sputnik-Commande virbereeden

Däitschland wëllt sech um EU-Sommet dofir asetzen, datt d'Kommissioun mam russeschen Hiersteller vum Sputnik-Impfstoff ufänkt. Dat obschonn de Vaccin nach guer net an der EU zougelooss ass. Et wier wichteg, elo ze bestellen an ze wëssen, wien an der EU dorun interesséiert ass, huet et gëscht aus däitsche Regierungskreesser geheescht. Wann d'Perspektive fir een Accord mat Sputnik reell wier, wier Lëtzebuerg net dogéint, datt d'Kommissioun mat deene Gespréicher ufänkt.

Mat senger Propos de Verdeelungs-System vun de Vaccinen, déi zesummen akaaft goufen, ze iwwerschaffen, dierft den éisträichesche Kanzler iwwerdeems um EU-Sommet zimmlech eleng do stoen. Déi meescht, dorënner och Lëtzebuerg, schéngen den aktuelle System fir gutt an am Contraire zum Sebastian Kurz och fir fair ze halen.

Net onbedéngt fair wier den Ament d'Situatioun um Marché, sou stellt et allzäit d'EU-Kommissioun duer. D'EU ass d'Nummer eent am Export vun Impfstoffer, et ginn awer keng Vaccinen an d'EU importéiert, huet gëscht de Vizepresident vun der EU-Kommissioun, de Valdis Dombrovskis nach emol betount.

43 Milliounen Impfdosisse goufen zanter dem 1. Januar aus der EU an 33 verschidde Länner exportéiert. Dat weess d'EU esou genee, well zanter dem 1. Februar een Export-Mechanismus a Kraaft ass. Deem Mechanismus no mussen d'Entreprisen eng Export-Autorisatioun ufroe mussen. Ziel ass et, ze kontrolléieren, ob sech d'Hiersteller un d'Kontrakter mat der EU halen.

Export-Mechanismus ass ëmstridden

D'Kommissioun huet e Mëttwoch proposéiert, de Mechanismus bis Enn Juni ze verlängeren. E soll iwwerdeems em zwee Krittären erweidert ginn: dee vun der Proportionalitéit an der Reciprocitéit. Et soll also gekuckt ginn, ob zum Beispill net a Länner exportéiert gëtt, déi selwer vill Impfstoff hunn, oder déi net prett sinn, es an d'EU ze liwweren.

Wéi genee dat gemooss gëtt, oder awer ob dono zum Beispill Liwwerunge vun Entreprisë géifen zeréckbehale ginn, déi sech un hir Versprieche gehalen hunn, a wat mat Vaccine geschitt, déi géife gestoppt ginn, dat sinn alles Froen, déi nach op sinn.

D'Decisioune géife "cas par cas" geholl ginn, sou d'Kommissioun, EU-Diplomaten hunn e Mëttwoch vun enger "komplexer Situatioun" geschwat. Esou een net ganz previsibele Mechanismus dierft awer ënner de Staats- a Regierungscheffe fir Diskussioune suergen. Eng Partie Länner, dorënner Lëtzebuerg, si virsiichteg. D'Kommissioun betount zwar ëmmer nees, datt et sech hei net ëm een Instrument handelt, datt fir een Export-Verbuet suerge soll. Allerdéngs kéint dat vu bausse falsch verstane ginn.

De Faite, datt d'EU-Kommissioun déi Propose een Dag virum Sommet op den Dësch geluecht huet, gouf net iwwerall gutt opgeholl. D'EU-Ambassadeuren hätten den Text vum Reglement net ze gesi krut, ier en an der Ëffentlechkeet presentéiert gouf, et kéint een also um Sommet just eng éischt Appreciatioun maachen, sou eng europäesch Source.

Am Brouillon vun hire Konklusioune vum Sommet halen d'Staats- a Regierungscheffe fest, datt et wichteg ass, den Exportmechanismus ze verlängeren. Eng Decisioun doriwwer, ob d'Propose vun der Kommissioun esou ugeholl gëtt, wéi se elo virläit, wier awer net onbedéngt ze erwaarden, soten am Virfeld vum Sommet e puer EU-Diplomat. D'Detailer vum System missten nach ausgeschafft ginn.

Méi zum Thema

Danièle Weber
EU-IMPFCAMPAGNEN

D'Diskussioun ronderëm AstraZeneca huet net gehollef, fir datt et mam Impfen an der EU méi séier virugeet. D'EU-Länner, Lëtzebuerg inclus, hunn hir Decisiounen op eng Aart a Weis geholl, déi net onbedéngt nozevollzéien ass.

COVID-19 VACCIN
CORONA-PANDEMIE

Wéi sécher ass den Impfstoff AstraZeneca a soll virun domat geimpft ginn? Déi Fro beschäftegt den Ament d'Gesondheetsministeren an der ganzer EU. D'Länner zéie ganz ënnerschiddlech Konsequenzen.

Programm

  • Vun 10 bis 2

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen