Impfcampagne Impfphas 4 leeft un

Muer an en Donneschdeg ginn déi éischt Invitatioune fir déi 4. Impfphas eraus. Viséiert sinn dovu Persounen tëschent 65 an 69 Joer, grad wéi moderat vulnerabel Leit.

Christiane Kleer

Impfung géint Covid-19
Foto: picture alliance / NurPhoto

Muer an en Donneschdeg ginn déi éischt Invitatioune fir déi 4. Impfphas eraus.

Dat krute mir vum Santésministère matgedeelt. Viséiert sinn dovu Persounen tëschent 65 an 69 Joer, grad wéi moderat vulnerabel Leit. Dorënner falen Diabetiker, mee och Leit déi gréisser medezinesch Problemer wéinst héijem Bluttdrock haten, wéi zum Beispill een Hiereschlag, grad wéi Persounen, déi wéinst neuro-muskulaire Krankheeten een Traitement kréien.

D'Santé rifft iwwerdeems op, datt Leit, déi viru kuerzem geplënnert sinn, sech beim nationale Regëster fir physesch Persoune solle mellen, fir ze iwwerpréiwen ob hir nei Adress do agedroen ass. Et géif ëmmer erëm virkommen, datt Invitatiounen net ukommen.

Méi zum Thema

Mobil Impfung an enger Fleegestruktur
Impfstrategie

D'Awunner an d'Personal an de Strukture fir betreit Wunnen hätte misste prioritär geimpft ginn, fënnt d'Copas. Et wier och problematesch, datt d'Autoritéite fir déi sougenannt "Logements encadrés" keng separat Covid-Statistiken hunn.

De Charles Michel am Conseils-Gebai um Wee op ee Videokonferenz
EU-SOMMET

D'Relatiounen tëscht der EU an der Tierkei an d'Beschafen an Verdeele vun Impfstoffer sinn d'Haaptsujeten um EU-Sommet. D'EU-Kommissioun huet eng nei Propose fir eng Export-Kontroll vu Vaccine gemaach. Déi ass awer ëmstridden.

Programm

  • Vun 10 bis 2

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen