Radioen

On air

Notturno  |  Arthur Russell - Get Around To It

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Impfcampagne: Matt oder ouni AstraZeneca?

CORONA-PANDEMIE

Impfcampagne: Matt oder ouni AstraZeneca?

Wéi sécher ass den Impfstoff AstraZeneca a soll virun domat geimpft ginn? Déi Fro beschäftegt den Ament d'Gesondheetsministeren an der ganzer EU. D'Länner zéie ganz ënnerschiddlech Konsequenzen. Der Cheffin vun der EMA no si se alleguerten an d'Analyse mat agebonnen.

auto_stories

3 min

D'EU huet 400 Milliounen Dosisse vum brittesch-schwedeschen Impfstoff bestallt. Lëtzebuerg huet an deem Kader eng Commande vun 415.000 Dosissen opginn, dat huet d'Regierung gëschter an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro präziséiert huet.

AstraZeneca spillt, och wann den Impfstoff plazeweis net ganz beléift ass, eng wichteg Roll an deene meeschten nationalen Impfcampagnen.

Ënnerschiddlech Reaktioune bei den EU-Memberlänner

D'EU-Länner reagéieren ënnerschiddlech op d'Meldung vun de Komplikatiounen. Déi eng impfe virun, déi aner, dorënner och Lëtzebuerg, drécken op Paus.

Et ass hiert gutt Recht, een Impfstoff, dee vun der Europäescher Medikamentagence, der EMA zougelooss gouf, ze suspendéieren, preziséiert de Spriecher vun der Kommissioun. "D'Länner kënnen an hire Decisioune méi streng sinn, wéi dat, wat d'Europäesch Medikamentagence recommandéiert", sot en Dënschdeg de Stefan de Keersmacker.

Bei der EMA, ginn elo déi Fäll ënnert d'Luppe geholl, bei deenen et no enger Impfung mat AstraZeneca zu Bluttgerënnsel koum. Wéi vill et där genee gëtt, ass iwwerdeems net bekannt. D'EMA schwätzt vun 30 Fäll, déi vrum leschte Weekend reportéiert goufen. An der Tëschenzäit wieren et der awer méi.

EMA: Kee Grond, net virun ze impfen

En Donneschdeg soll de Bilan gemaach ginn, sot op enger Pressekonferenz en Dënschdeg den Dr. Peter Arlett, Expert bei der EMA. Eng Kommissioun vun Experte kuckt sech déi klinesch Donnéeë genee un,

"Mir mussen erauszefannen, ob dës Tëschefäll Zoufall waren, well Bluttgerënnsel sinn immens heefeg. Et gëtt Dausende vu Fäll all Dag. A ganz rare Fäll kënne se mat enger Impfung zesummenhänken, an déi Fro mussen d'Experte bis en Donneschdeg klären."

D'Cheffin vun der Agence, Emer Cooke, wollt net iwwert den Ausgank vun der Analyse vun den Experte spekuléieren.

Fir d'Irin steet awer weiderhi fest:

"Et gi keng Indikatiounen dofir, datt de Vaccin déi Problemer ervir geruff huet. Si si wärend de klinesche Studie net opgetrueden an si stinn och net op der Lëscht vun de Niewewierkungen vun deem Impfstoff."

27 EU-Länner an EMA-Experte-Kommissioun vertrueden

Dorop, datt d'Länner esou ënnerschiddlech Decisiounen huelen, reagéiert d'Emer Cooke esou:

"Ech well just soen, datt an eiser Kommissioun Experten aus alle 27 EU-Länner setzen. D'Decisiounen op nationalem Niveau ginn op der Basis vun den Informatioune geholl, déi de Länner zur Verfügung stinn. Et de Länner hiert Recht, dat ze maachen. Eis Ausgab ass et, eis op d'Wëssenschaft ze konzentréieren an ze kucken, ob et Beweiser dofir gëtt, datt déi Risiken eppes mam Vaccin ze dinn hunn."

Op d'Fro, ob elo d'Autoritéit vun der EMA elo ënnergruewe gëtt, gouf et gëscht eng diplomatesch Äntwert:

"Ech verstinn d'Haltung vun de Memberlänner esou, datt si op eise Rapport waarden, ier si eng Decisioun huelen an déi Responsabilitéit huele mir ganz seriö."

EU-Memberlänner : Jiddereen decidéiert fir sech

Verschiddener wéi de belsche Premier hu sech driwwer beschwéiert, datt d'Decisioun, wéi een elo mam Impfstoff ëmgeet, net ënnereneen ofgeschwat gouf. D'Europäesch Kommissioun wier net an déi Decisioune mat agebonne gewiescht, huet de Chef-Spriecher vun der Kommissioun, den Eric Mamer kloer gestallt.

Et wier doriwwer en Dënschdeg an der Sitzung vun de Gesondheetsministere geschwat ginn, sou d'Gesondheets-Kommissärin Stella Kyriakides. An et misst een elo den Avis vum Donneschdeg ofwaarden.

D'Vertrauen an de brittesch-schwedesche Vaccin dierft awer weider gelidden hunn.

Um Objektiv allerdéngs, datt bis Enn August 70 Prozent vun den Erwuessenen EU-Bierger a Biergerinne geimpft solle sinn, gëtt iwwerdeems och festgehalen, sou den Eric Mamer.