Radioen

On air

Al Schanken  |  Eliza Gilkyson - Peace In Our Hearts

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nordkanada: Impfcampagne a groussem Mooss

Coronavirus

Nordkanada: Impfcampagne a groussem Mooss

Zanter bal dräi Woche gëtt hei ze Lëtzebuerg géint de Coronavirus geimpft. Och wann den Impfstoff hei ëmmer nach knapp ass, war dat net onbedéngt eng logistesch Erausfuerderung. An Nordkanada ass dat anescht. Duerch de Wanter sinn déi meescht Dierfer inaccessibel. Trotzdeem sollen d'Awunner d'Méiglechkeet kréien, sech vaccinéiere loossen ze kennen.

auto_stories

4 min

Nordkanada - iwwer 1.500 mol méi grouss wéi Lëtzebuerg, awer insgesamt manner Awunner wéi d'Staat. Och an dëser entleeëner Regioun soll géint de Coronavirus geimpft ginn, obwuel et logistesch natierlech erausfuerderend ass. Bis Ënn Mäerz solle 75 Prozent vun der Bevëlkerung geimpft ginn.

Impfstoff: Am Fliger ënnerwee

D'kanadesch Regierung well sech deem Defi esou séier wéi méiglech stellen. Zanter gëschter gëtt hei am grousse Stil vaccinéiert: d'Dosisse gi mam Fliger transportéiert.

Ee vun de Piloten ass de Maël Janzing-Bachelet. Et gi gutt Grënn, firwat d'Vaccinen net einfach mam Camion erop gefuer kenne ginn:

"Il y a durant l'été une période de deux trois mois ou certains villages vont être accessibles par bateau. Mais c'est juste une fois que c'est libérés des glaces. Et il y a énormément de distances entre les communautés. Donc on n'a pas le choix d'utiliser l'avion parce qu'il y a aucun moyen terrestre ou maritime de se rendre à ces communautés-là."

D'Vaccine kommen also an e Frigo mat Dréchenäis a ginn iwwer 2.000 Kilometer an den Norde geflunn. Virun allem Moderna-Impfunge gi bestallt, vu datt se nëmme bei -20 Grad gelagert musse ginn, amplaz vun -70 Grad wei beim Pfizer/BioNTech-Vaccin.

A Nordkanada feelt et an de Spideeler nämlech u sophistiquéiertem Material, wat och ee vun de Grënn ass, firwat Covid-19 an der Regioun eng gréisser Gefor duerstellt. Dofir well d'Regierung hei d'Impfcampagne esou séier wéi méiglech duerchzéien.

Urawunner: Mësstraue vis-à-vis vun der Impfung

Dat kreéiert Skepsis, virun allem ënner der indigener Bevëlkerung, déi hei wäit iwwer d'Hallschent vun der Populatioun ausmécht. D'Mathieya Alatini ass zoustänneg fir d'Kommunikatioun tëschent dem Staat an den Urawunner. Hiert Mësstraue kann hat novollzéien.

"Is this a vaccine that is going to be delivered to the rest of Canadians or are they just testing it on indigenous populations? That question has come up quite a bit and if you can imagine, this is a very valid question given the fact that in residential schools children, indigenous children, were experimented with all kind of medical experiments."

D'Mathieya Alatini gehéiert dem indigene Grupp vun de Kluane First Nation un. Hat kläert d'Urawunner iwwer de Vaccin op, am Eenzelgespréich oder a Veranstaltungen. Hat erkläert op Englesch, déi Jonk aus der Famill iwwersetzen. Net jidderee versteet hei Englesch oder Franséisch.
Foto: Mark Kelly
Trotz Efforten, kann ee bal sécher dovun ausgoen, dat en erhieflechen Deel vun der Bevëlkerung sech net vaccinéiert léisst.

"There are other individuals that are just adamant, that they're not going to get vaccinated. Hence why we are saying 75 percent of the population. There's probably going to be 30 percent that are just not going to get vaccinated. They don't believe in it, they've never gotten vaccinated for anything else, and there is no amount of information that is going to persuade them.""

D'Urawunner, d'Fleegepersonal an eeler Persoune ginn als éischte vaccinéiert. Och scho virum Covid-19 war d'Liewenserwaardung vun der indigener Bevëlkerung ënner dem Duerchschnëtt. Dowéinst gëllen si offiziell als Risikopatienten.

Ab Mëtt Februar dierf sech da jiddereen impfe loossen. Falls d'Impfcampagne erfollegräich gëtt, wäert Nord-Kanada ee vun den éischte Regioune weltwäit sinn, wou d'Herdenimmunitéit areecht ass.

An deem Fall wäerten do och d'Corona-Restriktiounen Enn Mäerz gelackert ginn.