Dem Deputéierte vun déi Lénk no géif dëse Stopp der Impfcampagne schueden an dozou bäidroen, datt d'Leit d'Vertrauen an den Impfstoff nach méi verléieren. Lëtzebuerg hätt hei ouni wëssenschaftlech Basis gehandelt, kritiséiert de Marc Baum a sech einfach un e puer EU-Memberlänner orientéiert. "Et ass Suivismus dee se maache par Rapport zu anere Länner." D'Regierung sollt de Recommandatioune vun der EMA a vun der WHO suivéieren an net d'Decisioune vun anere Länner kopéieren. D'Regierung misst d'Vertrauen vun de Leit fir d'Impfstoffer elo erëm opbauen.
D'ADR op där anerer Säit ass der Meenung, datt d'Regierung richteg gehandelt huet fir den Asaz vum Vaccin ze stoppen. Allerdéngs hätt se dat schonn éischter misste maachen, an net eréischt nodeems d'Nopeschlänner déi selwecht Decisioun geholl hunn. Am Nomëtteg soll déi europäesch Medikamenteagence hier Decisioun iwwert d'Zukunft vum AstraZeneca-Impfstoff matdeelen.