arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ US-Walkampf: Den Joe Biden huet d'Nues vir

Virus a Walkampf

|
reading time

3 min

US-Walkampf: Den Joe Biden huet d'Nues vir

An der Coronavirus-Kris steieren d'USA op en neien traurege Rekord zou. An deenen nächsten Deeg schonn dierft et zu am Ganze fënnef Millioune Fäll kommen, bei Wäitem déi meescht an engem eenzele Land. De Coronavirus huet natierlech e groussen Impakt op den amerikaneschen Alldag, mee och op de Walkampf virun de Presidentschaftswalen Ufank-November. Doriwwer schwätzt de Simon Larosche mat eisem Washington-Korrespondent Philip Crowther.

reading time

3 min

Simon Larosche: Wei gesäit de Walkampf dann iwwerhaapt elo an den USA aus?

Philipp Crowther: Et huet sech mat der Coronakris alles geännert. Et sinn elo manner wéi 100 Deeg bis de Waldag. An engem normale Walkampf reesen d'Kandidaten duerch d'ganzt Land a besonnesch an de sougenannte swing states, do wou d'Wale sech entscheeden. Zum Beispill: Florida, Nevada, Arizona, oder North Carolina. Dat sinn déi Staaten wou ee sech kéint virstellen, datt den Joe Biden an den Donald Trump dëser Deeg ganz vill Zäit géife verbréngen, mee d'Kandidate si momentan gréisstendeels doheem. D'Republikaner geheien dem fréiere Vizepresident an demokratesche Kandidat Joe Biden vir, hie géif sech gréisstendeels doheem am Keller verstoppen. Hie mécht effektiv all seng Interventiounen iwwer Video aus sengem Studio a geet net an de richtege Walkampf. Den Donald Trump probéiert op d'mannst fir e bëssen ze reesen, mee stéisst dacks op logistesch Probleemer, wéi zum Beispill de Social Distancing. D'Walkampf-Evenementer sinn allgemeng méi kleng a virun allem virtuell, mat Videostreamen a Reklammen um Fernsee.

Wien ass dann elo de Favorit, Joe Biden oder Donald Trump? Huet sech do och alles geännert?

Jo, och do huet sech effektiv villes verännert, well wann ee mech virun e puer Méint gefrot hätt, dann hätt ech gesot, datt de President de Favorit ass, well hien de President ass, an deen huet normalerweis e de Virdeel. Mee den Joe Biden ass am Moment de klore Favorit; souwuel national wéi och an de swing states vun deene mer grad geschwat hunn, also déi Staaten, wou dës Wal den 3. November entscheet gëtt. Virun der Pandemie war den Donald Trump nach de Favorit, well et der amerikanescher Ekonomie sou gutt gaangen ass, wéinst der Pandemie natierlech elo net méi. D'Pandemie huet den Donald Trump ganz schlecht geréiert, dat wësse mer alleguer. Da koum et nach zu deene Protester wéinst Policebrutalitéit a Rassismus an och dat gouf ganz schlecht vum President geréiert. Et gëtt also ugeholl, datt de Biden gewanne wäert a vläicht souguer sou kloer, datt d'Demokrate souguer de Senat géife gewannen.

Wéi kéint den Donald Trump déi Saach nach fir sech entscheeden?

Do misst et eigentlech zu enger risegrousser Iwwerraschung kommen an do gëtt et e Konzept wat sech "the october suprise" nennt. Dat ass e grousst Evenement oder eng Informatioun, déi alles nach ka veränneren. An dat ass an der Geschicht vun den USA och heiansdo geschitt. Am Joer 2016 gouf et eppes Änleches am Kader vum Walkampf tëscht Clinton an Trump. Do gouf déi Enquête vum FBI iwwer den Ëmgang vun der Hillary Clinton mat hire Maile jo nei opgemaach. Si hat hiere privaten Email-Account benotzt fir offiziell a geheim Informatiounen ze verschécken. Dat war eng grouss Iwwerraschung an huet si vläicht d'Presidentschaft kascht.

Elo freet natierlech jiddweree sech, wat déi grouss Iwwerraschung kéint sinn. Et gëtt spekuléiert, datt d'USA am Oktober géifen ukënnegen, datt se een Impfstoff fonnt hunn. An dat wier natierlech eng grouss Iwwerraschung. Esou extrem muss et awer kommen, fir datt den Donald Trump dës Wal nach ka fir sech entscheeden.

Am August sinn elo mol nach déi zwou grouss Partei-Conventiouns an da kommen nach déi grouss Debaten; dräi tëscht dem Trump an dem Biden an eng tëscht de Kandidate fir de Poste vum Vize-President an do kann natierlech nach vill geschéien an do kéinten nach wichteg Informatiounen opkommen.