Iwwert dat ganzt Joer goufe Produiten aus verschiddenste Kategorië kontrolléiert. Kaaft goufen déi op Plattforme wéi AliExpress oder Wish, mee och Amazon war dobäi. Vun den am ganze 27 geteste Produite waren nëmmen zwee an alle Beräicher konform. Bei 16 Stéck goufen et administrativ Non-Konformitéiten, spréch bei der Beschreiwung oder Etikettéierung. Ee Produit ass wéinst technesche Mängel duerchgefall. Siwe Produite waren a béide Beräicher net konform.
Wann eng Net-Confirmitéit bei engem Produit fonnt gëtt, da wier de Responsabele vum Produkt kontaktéiert ginn an hätt d'Méiglechkeet déi Net-Confirmitéit ze verbesseren, erklärt den Alexis Weber, Chef vun der Martkiwwerwaachung beim ILNAS.
"Zweetens hu mir och d'Plattform informéiert, fir dass d'Produkt rausgezu gëtt. An drëttens hu mir och een temporäert Verkafsverbuet ausgeschriwwen, fir wann d'Produkt awer a Konformitéit gesat géif ginn, da kéint et dono rëm weider verkaf ginn."
Wichteg fir de Kosument ze schützen
Wann den Hiersteller vum Produit näischt ännert, da gëtt een definitiivt Verkaafsverbued ausgesprach. Doropshi ginn och déi aner EU-Memberlänner doriwwer informéiert. Aktuell gi mat Bléck op Kleeserchersdag an de Feierdeeg och verstäerkt Kontrolle bei Spillsaache gemaach. Do gëtt ënner anerem drop gekuckt, ob sech keng kleng Stécker kéinten ofléisen, déi vum Kand verschléckt kéinte ginn. All dës Kontrolle wiere wichteg, fir de Schutz vum Konsument kënne sécher ze stellen, betount de Wirtschaftsminister Franz Fayot.
"Betriber, déi Produite verkafen, déi all d'Norme respektéieren, ginn op déi Manéier geschützt par rapport zu schwaarze Schof, déi dat net maachen, an déi Produite verkafen, déi net konform sinn zu den Normen."