Radioen

On air

9 bis 1  |  Gia Ford - Paint Me Like a Woman

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ IGSS huet d'Urgenceservicer ënner d'Lupp geholl

Santé

IGSS huet d'Urgenceservicer ënner d'Lupp geholl

Wéi funktionéieren d'Urgencen an de Spideeler a baussent de Spideeler hei am Land? Wéi gi se genotzt a wéi gesäit d'Auslaaschtung vun den Dokteren aus? Froen, op déi e Rapport vun der Inspection generale de la securité sociale soll Äntwerte liwweren.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Op der Quadripartite am Oktober vum leschte Joer krut d'IGSS den Optrag, d'Urgenceservicer bannent a baussent de Spideeler hei am Land ënnert d'Lupp ze huelen. Nieft de renge Spidolsurgencë goufen also och d'Noutdéngschter an den dräi Maison-médicallen a bei Garde-Doktere betruecht, op Basis vun de Remboursementer vun de Krankekeesen huet ee sech do en Iwwerbléck verschafft.

Et wier fir d'éischt, datt och fir d'Maison-médicallen, esou Zuele presentéiert gi wieren, erkläert d'Laurence Weber, Direktesch vun der IGSS

"Ech denken, datt déi hëllefen elo, mol e bësse méi kloer ze gesi wat iwwerhaapt do geschitt."

D'Spidolsurgencen entlaaschten

2019 hunn déi véier Spidolsurgencen 263.000 Passagë gezielt, wäit vir läit hei den Escher Chem mat 82.000 Passagen.

Eng vun de Froen déi sech gestallt huet ass déi, wéiwäit d'Maison-médicallen d'Urgencen an de Spideeler entlaaschten. 2019 goufen et 56.000 Urgence-Passagë baussent de Spideeler, dat sinn 2,7 Prozent vun allen Consultatioune baussent dem Spidol. Dat Resultat géif weisen, datt d'Maison médicale benotzt gëtt, fënnt d'Laurence Weber

"Mir hunn och gekuckt wéini se benotzt gëtt an der Woch zum Beispill, an do stelle mer fest dat samschdes a sonndes dee Pik ass."

Wie gräift am meeschten op d'Urgencen zeréck?

Néng sozio-ekonomesch Krittäre goufen ugeluecht fir ze kucken, wien am meeschten ob d'Urgencen an de Spideeler zeréckgräift.

Haaptfaktore sinn hei en héijen oder ganz niddregen Alter, bei der Nationalitéit sinn et virun allem portugisesch Staatsbierger déi d'Urgence besiche wat wuel och mam Secteur ze dinn huet an dem des Leit jeeweils schaffen.

D'IGSS schwätzt an hire Conclusioun vun Zuelen déi opschlossräich wieren an déi verschidde Perspektive géife bidden. De Ball gëtt hei weider un den zoustännegen Aarbechtsgrupp gespillt dee seng Conclusiounen elo muss zéien.