Eisen Informatiounen no geet et ëm de Verdacht op Abus de biens sociaux. D'IGF huet déi lescht puer Méint en Audit beim Déifferdenger Wëssenschaftszenter gemaach. Et ass net déi éischt Denonciatioun an dësem Dossier.
Och den Educatiounsministère an de Mëttelstandsministère hu schonn Informatiounen un de Parquet weidergi wéinst dem Feele vun enger Autorisatioun d'Etablissement vun der privater Firma GGM11. D'Enquête Preliminaire heizou wier ofgeschloss, an de Parquet wäert deen Dossier viru Geriicht bréngen, esou de Justizspriecher Henri Eippers. De Science Center dee wëssenschaftlech Experienzen ubitt, ass wéinst enger ontransparenter Gouvernance an enger Verflechtung tëscht der ASBL an der Privatfirma GGM11 an de Mëttelpunkt geroden.