Radioen

On air

Resonanzen  |  Fun! Mam OCL

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Denonciatioun vun der IGF wéinst Verdacht op Abus de biens sociaux

Science Center

Denonciatioun vun der IGF wéinst Verdacht op Abus de biens sociaux

An der Affär Science Center huet d'Inspection générale des Finances rezent eng Denonciatioun beim Parquet gemaach. Dat huet d'Justiz eis confirméiert. An der Affär Science Center huet d'Inspection générale des Finances rezent eng Denonciatioun un de Parquet viruginn.

auto_stories

1 min

Eisen Informatiounen no geet et ëm de Verdacht op Abus de biens sociaux. D'IGF huet déi lescht puer Méint en Audit beim Déifferdenger Wëssenschaftszenter gemaach. Et ass net déi éischt Denonciatioun an dësem Dossier.

Och den Educatiounsministère an de Mëttelstandsministère hu schonn Informatiounen un de Parquet weidergi wéinst dem Feele vun enger Autorisatioun d'Etablissement vun der privater Firma GGM11. D'Enquête Preliminaire heizou wier ofgeschloss, an de Parquet wäert deen Dossier viru Geriicht bréngen, esou de Justizspriecher Henri Eippers. De Science Center dee wëssenschaftlech Experienzen ubitt, ass wéinst enger ontransparenter Gouvernance an enger Verflechtung tëscht der ASBL an der Privatfirma GGM11 an de Mëttelpunkt geroden.