Radioen

On air

One World  |  Back To Black

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iechternacher Séi krut europäesche Badegewässerlabel

Yves Wengler

Iechternacher Séi krut europäesche Badegewässerlabel

D'Preparative fir den Iechternacher Séi als Badegewässer unzebidden, lafen op Héichtouren. Dës Saison nach wëllt d'Gemeng zwee Pontonen installéiere fir den Touristen ee Sprong an d'Waasser ze erméiglechen.

auto_stories

2 min

Fir den europäesche Badegewässerlabel kënnen ze kréien, huet d'Gemeng Iechternach wärend 4 Joer Miessunge vun der Waasserqualitéit realiséiert. Op deene Plazen, wou d'Leit kënne schwamme goen, gouf de Séi entschlammt, erkläert den Iechternacher Buergermeeschter Yves Wengler.

"Virun zwee Joer hate mer de Séi ausgebaggert, op där Plaz wou mer dat sollte maachen. Do hu mer de Séi entschlammt. Tëscht den zwou Inselen, gëtt een Deel mat Bojen ofgegrenzt. Allerdéngs kréie mer déi Uferbaumoossnamen net mat Zäite ganz realiséiert. Déi Aarbechte mussen ausgeschriwwe ginn. Um Ufank ginn et dann zwou Plaze wou ee mat enger Leeder kann an de Séi eraklammen."

Kee geneeën Datum festgeluecht

Wéini een an de Séi ka sprangen ass nach net genee gekläert. Dat géif elo ofhänken, wéini dat néidegt Material ka geliwwert ginn. Den Zougang zum Séi ass gratis. Allerdéngs ass och kee Schwammmeeschter op der Plaz present, dofir wier de Séi ze grouss, esou den Yves Wengler.

Zanter Abrëll goufen 150.000 Visiteuren um Séi gezielt

Den Iechternacher Séi, ass genee ewéi d'Abteistad selwer eng beléiften Touristenattraktioun - an déi Iechternacher Gemeng wollt elo Kloerheet wéi vill Leit kommen - scho méi laang ginn d'Leit an der Stad selwer gezielt, mee elo goufen och esou genannte People Counter beim Séi opgestallt, betount den Yves Wengler

"Fir dat ganzt Joer hu mer scho 54.000 Persoune kënnen iwwer dee System an der Stad Iechternach zielen. Zanter Abrëll hu mer am Ganzen 150.000 Persounen um Séi kënne registréieren. Dat sinn och net déi selwecht Persounen, dat heescht béid Zuele kann een addéieren."