Och den aktuellen CSV-Buergermeeschter Yves Wengler konnt säi perséinleche Score vun 2017 net confirméieren.
Hien hätt bei de leschte Gemengewalen een immens gudde Score gemaach an dës Kéier e bësse méi e schlechten, mat trotzdeem iwwer 1.000 Stëmmen, sou den Yves Wengler.
"Ech si lo nach de véiert bescht Gewielten an der Gemeng. Dat ass dat ass nun emol esou an de Gemengewalen. D'Leit gesinn déi positiv Saachen, se gesinn déi negativ Saachen a wann een an der Verantwortung ass, dann ass een och responsabel fir dat wat net gutt gelaf ass."