Radioen

On air

Jazz Club  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Iechternach: DP an LSAP wëlle verhandelen

Eventuell Koalitioun

Iechternach: DP an LSAP wëlle verhandelen

Zu Iechternach fänken DP an LSAP den Owend un iwwer eng eventuell Koalitioun ze verhandelen. En Méinden hu béid Parteien eng Absichtserklärung an deem Sënn ënnerschriwwen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


A Sëtz sinn déi zwou Parteie mat jee dräi Mandater d'selwecht staark, mee a Prozenter hat d'DP d'Nues e Sonndeg awer däitlech virun der LSAP.

D'DP wier bei 31 Prozent an d'LSAP géif bei 25 Prozent leien. E kloere Verdict, dee fir d'DP-Spëtzekandidatin Carole Hartmann keng zwou Interpretatiounen zouléisst.

"Mir hunn den Usproch gestallt, fir de Buergermeeschter sechs Joer ze stellen. Mir sinn eis u sech eens, datt ee Schäffeposte wäert bei der LSAP sinn an, datt mir deen 2. Schäffeposte wäerte splitten. Sou, datt déi zwou Parteie jeeweils dräi Joer laang nach en 2. Schäffe wäerte stellen."

Héiert sech u wéi wann dat schonn esou an dréchenen Dicher wier. Beim Ben Scheuer, dem LSAP-Spëtzekandidat, dogéint kléngt et nach méi onverbindlech.

"Dat musse mir nach alles verhandelen. Do fänke mir elo mol u mat de Koalitiounsverhandlungen. An da kucke mir wéi d'Posten opgedeelt ginn, wa mir eis programmatesch eens ginn."

Hie bleift awer optimistesch a geet dovun aus, datt si do op e gréngen Zweig géife kommen.

Éischtgewielte stellt de Buergermeeschter?

Et héiert een dem alen a méiglecherweis neien LSAP-Schäffen un, datt hien net ongär mat der CSV weider gefuer wier, da vläicht souguer als Buergermeeschter. Hie wier der Meenung, datt den Éischtgewielte sollt de Buergermeeschter stellen. Dat wier d'Carole Hartmann.

Si wëll all national Ambitioun och zréckstellen, an der Lokalpolitik Prioritéit ginn. D'Carole Hartmann fënnt, datt dëse Sonndeg de Wieler eng kloer Sprooch geschwat hätt an dat wéilt si elo och respektéieren.

Op eis Nofro hin, ob si dat och fir sechs Joer géif maachen, seet Carole Hartmann:

"Am Prinzip fir sechs Joer. Dat ass mäin Engagement, deen ech elo huelen. Wat am Oktober geschitt, dat kucke mir. Do loosse mir och de Wieler schwätzen."

Dat kléngt dann awer erëm no enger klenger Hannerdier déi net soll zougeschloe ginn.