Radioen

On air

De Moien  |  Flo Morrissey & Matthew E. White - Thinking Bout You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ IEA: Concertéiert Mesurë fir de Pëtrolspräis erof ze kréien

Energie-Kris

IEA: Concertéiert Mesurë fir de Pëtrolspräis erof ze kréien

Iwwer 40 Energie- a Klimaminister aus aller Welt hu sech déi lescht Woch zu Paräis bei der internationaler Energieagence getraff, fir ee gemeinsame Wee aus der Energie-Kris ze fannen.

auto_stories

2 min

Den Energieminister Claude Turmes am 100,7-Studio. Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


Beim Treffe vun den Energieministere bei der Internationaler Energieagence (IEA) déi lescht Woch wier et vu Virdeel gewiescht, datt och Länner wéi Mexiko, Kanada an d'USA derbäi gewiescht wieren, seet de Claude Turmes am 100,7-Interview.

Et hätt een dovunner profitéiert fir mat deene Länner an d'Gespréich ze kommen, datt an den nächste Wochen Dieseproduiten aus dëse Länner geliwwert kënne ginn. Brasilien, Kanada an d'USA sollen hir Pëtrolsproduktioun och an d'Luucht setzen.

Concertéiert Aktioune fir de Pëtrolspräis erof ze kréien

Dat geet awer bei Wäitem net duer, fir Europa onofhängeg vu Russland ze maachen. Dofir hätten d'Energieminister der IEA e Mandat gi fir d'Demande no Pëtrol erofzekréien. Dofir wéilt ee verschidde Mesuren op de Wee bréngen.

Ënner anerem sti Vitesslimitatiounen op den Autobunnen, autofräi Sonndeger, dräi Deeg Télétravail d'Woch oder nach Nuets- a Schnellzich amplaz vu Fligeren an der Diskussioun. D'Zil ass et, fir d'Demande no Pëtrol ëm méi wéi 2 Millioune Barrel den Dag erof ze kréien.

Fir datt esou Mesurë wierken, misste se awer an alle Länner ëmgesat ginn, betount de gréngen Energieminister Claude Turmes:

"Wa mer sou Saache géifen zu Lëtzebuerg maachen an de Recht vun der Welt mécht dat net, dann - bei aller Gréisst, déi mer hunn - hätt dat guer keen, oder bal keen Impakt op de Weltpëtrolsmarché."