Kulturchronik Identitéitskris vum internationale Filmfestival zu Cannes

De Filmfestival zu Cannes streit mat Netflix. D'Streaming-Plattform weist nämlech Filmer um Festival, déi net wäerten an de Kino kommen. D'nächst Joer soll dat verbuede ginn. Dat ass eng schlecht Noriicht fir d'Spectateuren, mengt d'Maxi Pesch.

Maxi Pesch / fk

Meenung maxi.jpg
Maxi Pesch zu Cannes

An de Kinossäll vum Palais du Festival, op der Croisette an op de Partien oder op der Plage. Iwwerall gouf dëst Joer just iwwert een Thema diskutéiert: Den digitale Progrès. Wéi vill dovunner däerf am pure Kino, a virun allem och zu Cannes, der Héichbuerg vum onofhängege Kino, erlaabt sinn?

Cannes Filmer mussen an de Kino kommen

D'Identitéitskris vum Festival huet scho virum offizielle Start ugefaangen. Mat der Annonce vum Noah Baumbach sengem Familljen-Drama "The Meyerowitz Stories" an dem Bong Joon-ho senger Satir "Okja". Allebéid an der Haaptkompetitioun, allebéid reell Chancen op déi gëlle Palm. Mee, leider fir si, allebéid vun Netflix finanzéiert. Well fir de President vum Jury, Pedro Almodovar, dierfte Filmer, déi spéider just online kënne gekuckt ginn, zu Cannes net erlaabt sinn. Als Grond nennt hien, datt déi betraffe Filmer net op de groussen Ecran wäerte kommen. Säi Wonsch soll d'nächst Joer an Erfëllung goen. Da sollen nämlech sou Filmer op der Côte d'Azur verbuede ginn.

Dobäi muss ee wëssen, datt Frankräich de Kino staark géint Streaming-Servicer schützt. Réit dräi Joer nodeems e Film am Kino gewise gëtt, däerf en um Internet gestreamt ginn.

Al Garde vs. Fortschrëtt

Mee ass dat e Grond fir Netflix-Produktioune vun der Croisette auszeschléissen? Ass Cannes net grad déi Plaz wou verréckte Filmer, nei Technologien oder verschidde Genre vu Konscht solle gefërdert ginn? Muss déi al Garde sech net vläicht dem Fortschrëtt upassen? Oder musse Streaming-Plattformen hir Filmer einfach op déi grouss Leinwand bréngen?

Den Debat ass op. An dat ass och gutt esou. Well um Schluss sinn et virun allem d'Spectateuren, déi dorënner leiden, datt verschidde Filmer ausgeschloss ginn. An et ass dee selwechte Spectateur, deen zu enger méi grousser Flexibilitéit réit. Op Säite vun de Fesivalsorganisateuren a vun de Streaming-Plattformen. Datt d'Netflix-Produktioun "Okja" a Südkorea wäert am Kino lafen ass jo scho mol een Ufank.

An der Mediathéik:

Kulturchronik / / Maxi Pesch
Lauschteren

Méi zum Thema

mustapha.JPG
Filmfestival Cannes

Cannes ass bekannt fir seng Croisette, Sonn, Luxus an den internationale Filmfestival. Manner bekannt sinn d'Clocharden, déi an der Hoffnung op e puer Su oder eppes z'iessen, op Cannes kommen.

Okja1.jpg
Filmfestival Cannes

De südkoreanesche Film "Okja" vum Regisseur Bong Joon-ho huet zu Cannes um Filmfestival an der Haaptkompetitioun fir grouss Opreegung gesuergt, well e vun der Streaming-Plattform Netflix finanzéiert gouf.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen