Dräi Lëtzebuerger sinn den Ament an der Tierkei fir humanitär Hëllef ze leeschten. Et ass schonn déi zweet Ekipp vum "Humanitarian Intervention Team", déi an d'Äerdbiewegebitt geschéckt gëtt.
Ee Rullement vun zwou bis dräi Wochen
All zwou bis dräi Woche sollen dës Persounen ausgewiesselt ginn. 24/7 schaffen si iwwerall do, wou si eng Hand mat upake kennen. Des Hëllef ass och elo - 21 Deeg nom Äerdbiewen - nach ëmmer dringend néideg, erkläert den Directeur adjoint vum Kooperatiounsministère, de Max Lamesch.
"Et gëtt vun Allem gebraucht. Et gi Finanzmëttel gebraucht, Material, awer natierlech och Experten, déi sur Place dann do sinn an eng Hand mat upake kennen. Et muss een awer elo kucken, well all Kris huet seng spezifesch Evolutioun."
Den Ament leescht Lëtzebuerg direkt an e puer Fachgebidder ee Bäitrag. Déi dräi Lëtzebuerger op der Plaz hëllefen an de Beräicher IT, Logistik, a Management vun den Zeltlageren. Dat ass haaptsächlech an der Tierkei de Fall, well do de materielle Schued, deen duerch d'Äerdbiewen entstanen ass, méi grouss ass.
Schwiereg Situatioun a Syrien
Finanziell gesinn ass awer Syrien méi op international Hëllef ugewisen, well déi betraffe Regioun net op vill Ënnerstëtzung vun der syrescher Regierung selwer kann zielen.
Dobäi kennt, datt net vill materiell Hëllef a Syrien ukomme kann, well den Accès nach ëmmer enorm schwiereg ass, seet de Max Lamesch vum Kooperatiounsministère.
"Am Moment ginn et Diskussiounen zesumme mat der syrescher Regierung fir ze kucken, datt nach zwee zousätzlech Iwwergäng opgemaach gi vun der Tierkei a Richtung Nord-West Syrien, fir datt d'Hëllef méi séier do ukënnt.
Damaskus hätt awer kee groussen Interêt dorunner, dës Iwwergäng opzemaachen, seet de Max Lamesch. Dat géing dorunner leien, datt dës Regioun vu Rebelle kontrolléiert gëtt.
"Jiddereen huet un engem Strang gezunn"
Den Alain Lang ass de 7. Februar als éischte Lëtzebuerger vum "Humanitarian Intervention Team" an d'Tierkei geflunn. Am Gepäck hat hien eng Zort opblosbare Satellit vun Emergency.lu. Mat deem kann och an den entleeënste Gebidder eng Internetverbindung opgeriicht ginn.
"Fir eben der Ekipp vun der UN d'Kommunikatioun ze erméiglechen. Mee duerno hate mir relativ vill Aufgaben, déi mir iwwerholl hunn. Dat war vun Zelter opriichten, bis Toiletten opriichten an nom Elektresch kucken, wat ee grousse Problem dohanne war."
Den Alain Lang (lénks) an de Joé Beckius (riets). (Foto: CGDIS)
Fir den Alain Lang war dat prägnantst Erliefnis an deene 14 Deeg, déi hien do war, d'Zesummenaarbecht tëschent all den Acteuren op der Plaz.
"Et ware Leit vun der UN do, iwwer den tierkesche Krisemanagement, iwwer d'Arméi, iwwer d'Police déi do war - jidderee war do fir ze hëllefen. Do huet jiddereen un engem Strang gezunn. Dat hunn ech wierklech richteg gutt fonnt. Och déi privat Populatioun déi do war."
Just d'Sprooch wier heiansdo ee Probleem gewiescht seet den Alain Lang. Vill Leit hätte just Tierkesch geschwat. Mee et waren och vill Persounen do, déi dunn als Iwwersetzer fungéiert hunn.
Des Zesummenaarbecht an den Encadrement op der Plaz hunn dem Alain Lang gehollef, d'Erliefnisser ze verschaffen. Fir Leit, déi wéi hien a Katastrophegebidder fueren, kennen awer ëmmer op de Soutien Psychologique vum CGDIS zeréckgräifen.