Radioen

On air

De Moien  |  Anderson .Paak - Make It Better Feat. Smokey Robinson

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Portugisesch Drogepolitik: Humanistesch a pragmatesch

Progressiv Legislatioun

Portugisesch Drogepolitik: Humanistesch a pragmatesch

Portugal huet déi liberaalsten Drogelegislatioun an Europa. Säit der Aféierung vun dëse progressive Gesetzer gesäit een dann och vill positiv Resultater: Et ginn haut manner Drogenofhängeger, manner Heroin-Konsumenten, manner Doudeger duerch eng Iwwerdosis, a manner AIDS-Infektiounen ënnert den Drogéierte wéi nach viru 25 Joer. Elo ass d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert op Besuch fir ze kucke, wat ee vun der portugisescher Drogepolitik léiere kann.

auto_stories

4 min

Lauschterenplay_arrow


D'Grënn firwat Portugal an de spéiden 90er Joren esou e fortschrëttleche Wee an der Drogepolitik ageschloen huet, leien a senger rezenter Geschicht.

Duerch d'Revolutioun vun 1974, déi sougenannt "Revolutioun vun den Oeilleten", huet d'Land sech vun enger jorelaanger a quasi Droge-fräier Diktatur befreit. Déi nei Fräiheet huet ville Leit Loscht ginn, mat all méiglechem ze experimentéieren, och mat Drogen.

Ugefaangen huet et hei mat Cannabis, dee grad dee Moment massiv disponibel war, well déi ronn eng Millioun Portugisen, déi dunn aus den afrikanesche Kolonien heem koumen, es a grousse Quantitéite matbruecht an ënnert hire Bekannte verdeelt hunn.

Séier Verbreedung vun Drogen an héich Unzuel vu "problemateschen Utilisateuren"

An deem Kontext hate kriminell Organisatiounen et einfach, fir eng komplett naiv Gesellschaft nach op aner Droge virwëtzeg ze maachen, erkläert de João Goulão, deen als Papp vun der moderner Drogepolitik a sengem Land gëllt. Heroin wier ganz beléift gewiescht an hätt sech immens séier verbreet.

An Zäit vun zéng, 15 Joer hätt et eng enorm héich Zuel vu Konsumente ginn. A bal keng Famill wär net vum Problem betraff gewiescht. Doduerch wär d'Thema op eemol eng politesch a sozial Prioritéit ginn. Ee Prozent vun der Populatioun, also ronn 100.000 Leit, hunn dee Moment als "problematesch Utilisateure" vun Droge gegollt, erkläert de João Goulão.

Dat war ee Fluch an awer och e Seegen an deem Sënn, datt Decisioune konnte geholl ginn, déi ouni de Support vun de Leit net méiglech gewiescht wären. Bei där héijer Zuel vu betraffene Famillje war d'Akzeptanz grouss, fir an Drogen-Ofhängege keng Krimineller, mee éischter Kranker ze gesinn.

D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert am Gespréich mam João Goulão deen als Papp vun der moderner Drogepolitik a Portugal gëllt.

Administrativ Sanktiounen, keng Kriminaliséierung

Politesch huet den deemolege Premier an haitegen UNO-Generalsekretär António Guterres de Bockel dohi gehalen. Hien huet senge Leit just eng Virgab ginn: De portugisesche Wee misst all international Konventioun respektéieren:

"A mir hunn e Wee fonnt: néierens an den Texter steet, dat Drogekonsum kriminaliséiert sollt ginn. Verbueden: Jo, an och bestrooft, mee just mat enger administrativer Sanktioun."

Prisong ass also keen Deel vun de méigleche Sanktiounen. An dat gëllt zanter 2001 fir all Drog, also net just Cannabis. Mee och fir Heroin, Kokain an alles wat et nach esou gëtt.

20 Joer no der Aféierung vun dëser progressiver Drogepolitik ass d'Unzuel vu problematesche Konsumente vun engem Prozent vun der Populatioun op en Drëttel-Prozent erofgaangen.

Heroin spillt eng vill manner grouss Roll, 2020 sinn "nëmmen" nach 63 Leit duerch eng Iwwerdosis gestuerwen, Enn den 1990er waren et der 350. An AIDS-Infektioune ginn et och ëmmer manner ënner den Heroin-Ofhängegen.

Drogen-Ofhängeger hale sech baussent enger Fixerstuff a Portugal op.

De-Kriminaliséierung ass just ee vu ville wichtegen Elementer

Dëse Succès hänkt awer net just mam De-penaliséiere vun allen Drogen zesummen, e Punkt op deen den Alexis Goosdeel, den Direkter vum europäeschen Drogen-Observatoire mat Sëtz zu Lissabon, insistéiert:

"Il s'agit d'un élément dans une politique plus vaste qui comprend à la fois des moyens renforcés pour la lutte contre le traffic et la production, mais aussi des moyens importants qui ont été investis pour la santé publique et la réduction des risques. Donc la décriminalisation au Portugal, c'est un élément parmi un ensemble de 5 points essentiels."

Wie mat Drogen erwëscht gëtt a méi bei sech huet wéi dat, wat e brauch fir säi perséinleche Konsum vun zéng Deeg, dee gëtt ëmmer nach bestrooft, well en dann am Verdacht steet ze dealen.

Ween awer eng manner grouss Quantitéit bei sech huet muss sech enger Kommissioun stellen, déi säi Konsum evaluéiert. Wann de Konsum als onproblematesch agestuuft gëtt, da kann e goen. Wann de Konsum als problematesch ageschat gëtt, da kritt dës Persoun all méiglech Zorte vun Hëllef proposéiert: vu psychologescher Betreiung bis bei eng Therapie.

D'Finalitéit ass also nach ëmmer d'Leit vun den Drogen ewech ze kréien. Mee op eng pragmatesch an humanistesch Manéier: Dat ass den Usprooch, deen déi portugisesch Drogepolitik sech selwer ginn huet.