Gutt dräi Wochen huet d'Nach-Buergermeeschtesch vu Berlin fir hir Parteibasis vun enger Koalitioun mat der CDU ze iwwerzeegen. Kritt d'Franziska Giffey hire Wellen duerchgesat, da sollen d'Haaptstad-Sozialdemokraten den 3. Abrëll iwwert e Koalitiounsaccord fir eng GroKo zu Berlin ofstëmmen.
Onerwaart Walwidderhuelung
Ee Bündnis vun SPD an CDU ënnert der Féierung vun de Chrëschtdemokraten, a méiglech gemaach duerch eng sozialdemokratesch Buergermeeschtesch, déi fräiwëlleg op hire Posten als Landescheffin verzicht.
Eng Entwécklung, mat där virun der Walwidderhuelung zu Berlin kee gerechent hat - schliisslech war keen SPD-Verband méi géint eng Grouss Koalitioun op Bundesebene wéi d'Berliner. Eng Entwécklung awer, déi d'Franziska Giffey selwer esou argumentéiert:
Sou optimistesch d'Franziska Giffey dëse Schrëtt gesäit, sou schwiereg dierft et awer ginn, sech parteiintern tatsächlech duerchzesetzen. Schonn éier d'SPD hir Koalitiounsverhandlunge mat der CDU ugefaangen huet, ass de Widderstand voll amgaangen. Zwee Berliner Kreesverbänn vun der SPD, dorënner der Franziska Giffey hiren eegene vu Neukölln, stelle sech schonn ëffentlech géint eng Grouss Koalitioun.
Nofollger-Projet vun der "NoGroKo"-Campagne
An och déi Jonk Sozialisten, zueleméisseg ee wichtegen Acteur zu Berlin, si géint esou ee Bündnis. Si hunn déi "gréisst parteiintern Campagne" ugekënnegt, déi d'SPD je gesinn hätt. Quasi ee Nofollger-Projet vun der "NoGroKo"-Campagne vun 2017.
U sech waren déi meescht Observateure vun der Berliner Politik dovun ausgaangen, datt trotz schlechtem Walresultat vun der amtéierender, Rout-Rout-Grénger Regierung zu Berlin, dat progressiivt Bündnis nees géif zesummefannen. Bei der SPD koum een no interne Gespréicher awer zum Schluss: R2G wier ze onsécher, fir bis 2026 ze regéieren.
Dat huet e puer Grënn. Zum Beispill, datt, nodeems d'Walziedelen alleguer ausgezielt waren, tëscht SPD a Gréngen zu Berlin just 53 Stemme louchen. Vill Potenzial fir verschidde Féierungsuspréch a Streidereien. Den zweete Koalitiounspartner, d'Lénkspartei, ass zu Berlin zwar stabil, hänkt op nationalem Niveau awer an de Seeler.
Berlin brauch eng Zweeër-Koalitioun
Eng Situatioun, déi de Kai Wegner, de Berliner CDU-Chef, fir sech auszenotze weess. Scho no der Wal hat hien ugekënnegt, datt Berlin eng Zweeër-, net eng Dräier-Koalitioun bräicht.
Souwuel mat Grénge wéi mat der SPD hunn d'Chrëschtdemokrate sondéiert, naturgeméiss gouf et mat de Sozialdemokrate méi Iwwerschneidungen.
Den Donneschte Moie sinn d'Verhandlungen tëscht CDU an SPD ugaangen, bis Ufank Abrëll soll dann een Akkord stoen.
Zum Auftakt der Koalitionsverhandlungen auf dem @EUREF Campus haben wir zusammen mit der @spdberlin ein Sondierungspapier erarbeitet. Uns geht es darum, für alle Berlinerinnen und Berliner die besten Lösungen zu finden und Berlin als weltoffene Metropole weiterzuentwickeln. pic.twitter.com/oajyLvUGNd
- Kai Wegner (@kaiwegner) March 9, 2023