1989 huet Lëtzebuerg op Initiativ vum Historiker Gilbert Trausch eng grouss Ausstellung organiséiert fir den 150. Anniversaire vun der Lëtzebuerger Onofhängegkeet ze feieren. D'Staatscheffe vun de fënnef Länner, déi 1839 de Londoner Vertrag ënnerschriwwen haten, goufen zesumme mam Generalsekretär vun der UNO op Lëtzebuerg invitéiert, fir feierlech un dee Vertrag ze erënneren, deen d'Onofhängegkeet vum Land a seng territorial Verklengerung zementéiert hätt. D'Lëtzebuerger Regierung an de Gilbert Trausch hu sech domat op d'Säit vun Historiker wéi den Arthur Herchen oder den Albert Calmes gestallt, déi dem Kinnek Groussherzog Wëllem I. virgeworf hunn, hien hätt Lëtzebuerg vun 1815 bis 1839 als hollännesch Provënz amplaz als eegestännege Staat behandelt.
25 Joer duerno, 2014, hat ech selwer d'Éier op Invitatioun vun der Regierung d'Festried ze halen, fir un den dann 175. Anniversaire vum Londoner Vertrag vun 1839 ze erënneren. Ech hunn deemools drop higewisen, datt deen Datum vun der Lëtzebuerger Staatsgrënnung net kloer ass. Ëmmerhi gouf schonn 1815 um Wiener Kongress e Land geschafen, dat Grand-Duché sollt heeschen an deem seng Grenzen am Detail festgeluecht goufen. Op d'mannst de Staatsterritoire gouf do mat Zoustëmmung vun den europäesche Fürste festgeluecht an de Grand-Duché gouf als "un des États de la Confédération germanique" bezeechent.
Op engem wëssenschaftlech Colloque huet ee Joer drop de Guy Thewes nogewisen, datt zu Wien awer kee richtege Staat geschafe gouf, well den hollännesche Kinnek krut d'Souveränitéit ad personam zougesprach. De Kinnek vun de Vereenegten Niederlande krut mam Titel vun engem Groussherzog dat Land "en toute propriété et souveraineté" zougesprach. Historiker wéi den Auguste Collart, de Jules Mersch oder de Paul Weber soten dofir, de Kinnek hätt also d'Recht gehat, Lëtzebuerg dem hollännesche Grondgesetz ze ënnerwerfen. Also wär dach eréischt d'Joer 1839 als Joer vun der Onofhängegkeet unzegesinn.
Lëtzebuerg zanter 190 Joer en eegestännege Staat?
Den 29. September 2020 huet de Luc Heuschling, Professer fir Verfassungsrecht op der Uni Lëtzebuerg, op enger gemeinsamer Konferenz vun der historescher an der politikwëssenschaftlecher Sektioun vum Institut grand-ducal nach en aneren Datum an d'Spill bruecht: Den 31. Dezember 1830 huet nämlech de Kinnek-Groussherzog en Dekret ënnerschriwwen, an deem et heescht: "à partir du 1er janvier 1831 notre Grand-Duché de Luxembourg sera gouverné par Nous, distingué et séparé du royaume des Pays-Bas". Fir de Jurist a Staatsrechtler Luc Heuschling ass dat de formale Beweis vun enger eegener Staatlechkeet vum Land Lëtzebuerg. Déi Entwécklung war d'Konsequenz vun der belscher Revolutioun, déi zur Onofhängegkeet vun de Südprovënzen vum Vereenegte Kinnekräich vun de Niederlanden an zur Grënnung vum belsche Kinnekräich geféiert hat, deem sech ganz Lëtzebuerg mat Ausnam vun der Haaptstad ugeschloss hat. Dem Kinnek-Groussherzog Wëllem säin Dekret konnt also just an der Stad applizéiert ginn. Dëst Joer, 2021, wär Lëtzebuerg also zanter 190 Joer en eegestännege Staat.
Et ass net u mir fir op dëser Plaz déi historesch Sträitfro definitiv ze klären. Mee et ass e schéint Beispill fir ze weisen, datt ganz essentiell historesch Froen aus der Geschicht vu Lëtzebuerg nach no enger zolitter Fuerschung verlaangen. Ëmsou méi bedaueren ech, datt no menger Pensioun d'Uni Lëtzebuerg de Poste vun engem Professer fir Lëtzebuerger Geschicht am europäesche Kontext ofgeschaaft huet. A weder d'Regierung nach soss Kreesser hunn dogéint protestéiert, datt Lëtzebuerger Geschicht op der Lëtzebuerger Uni keen eegent Fach méi ass.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.