Well dat historescht Gebai, dat weider am Besëtz vu Post Lëtzebuerg ass, ënner Denkmalschutz steet, soll e groussen Deel vun de Gebailechkeete stoe bleiwen an an deen neie Projet mat afléissen. Dat geschitt an enker Zesummenaarbecht mam Institut national pour le patrimoine architectural.
Mat weideren Entdeckunge kann ee rechnen
Bei den Aarbechten, déi am Hierscht d'lescht Joer ugefaangen hunn, wier rezent nach eng grouss Entdeckung an der fréierer Salle des Guichets gemaach ginn, erkläert de John Voncken vum Institut national pour le patrimoine architectural, deen de Projet vun Ufank u begleet.
"Ënner dem Granit, 20 Zentimeter méi déif, sinn esouguer zwee historesch Mosaicken entdeckt ginn. Eng Kéier aus der Bauzäit vun 1908-1910 vum Sosthène Weis. An och nach eng Kéier een zweete Mosaik. Deen ass, géif ech mengen, aus den 20er, 30er Joren."
D'Gebai wier am Virfeld vun den Ëmbauaarbechte vun engem Bau-Historiker analyséiert ginn, esou nach de John Voncken vum INPA. Et wier awer kloer, datt et ëmmer nees zu Entdeckungen am Laf vum Chantier kéint kommen. An doduerch och zu méigleche Retarden, wéi den Direkter vun Artea, de Philippe Baudry, erkläert.
"Nous-mêmes et la Poste, à chaque fois que nous avons découvert un élément architectural, par exemple quand on enlève un revêtement de sol, si on découvre un carrelage qui a une valeur historique, à ce moment-là, on le montre à l'architecte des monuments nationaux."
Covid an een neien Architektebüro
Dat géing natierlech Zäit an Usproch huelen, esou den Philippe Baudry. Datt et zu gréissere Retarde komm wier, hätt awer nach aner Grënn.
"Bien sûr, y a eu le covid. Il y a eu un malheureux accident, l'architecte, qui est un architecte luxembourgeois qui était au cabinet Romain Schmitz, est décédé, il y a maintenant un an. Donc évidemment on n'avait plus d'architecte."
De Projet hätt doduerch e puer Méint Verspéidung kritt. Doriwwer eraus kréich een d'Konsequenze vum Ukrainkrich den Ament ferm ze spieren, esou de Philippe Baudry vun der franséischer Immobilière.
"L'augmentation des coûts de construction, l'augmentation des prix des matériaux, etc., qui a bien sûr une incidence non négligeable sur le budget global."
Ee Budget, deen d'Co-Investisseuren Artea a Post Lëtzebuerg uganks op ronn 45 Milliounen Euro ugesat haten. Den Direkter vum franséischen Immobilie-Grupp rechent awer domat, datt d'Gesamtkäschten ëm ongeféier 50 Prozent wäerten eropgoen.
Ee Bannenhaff mat gliesenem Iwwerdaach
Nieft de genannten Imprevuë kéimen nach zousätzlech Käschten fir de Bannenhaff dobäi, fir déi den zukünftegen Exploitant eleng géing opkommen. De Bannenhaff war virun den Ëmbauaarbechten net vu baussen ze gesinn a soll elo mat engem gliesenen Iwwerdaach en Valeur gesat ginn.
"Cette cour intérieure, en tout cas, qui était un peu l'intuition que j'avais personnellement quand j'ai visité, et bien, était très au-dessus de nos espérances. Parce que cette cour qu'on peut voir déjà aujourd'hui est vraiment magnifique. Elle est ensoleillée une partie de la journée."
Dem Philippe Baudry no kéint dëse gliesenen Iwwerdaach ee "lieu emblématique et iconique" ginn fir d'Stad vu muer ginn.
Bis et esouwäit ass dauert et awer nach ronn zwee Joer. Da soll den neien Hôtel des Postes um Hamilius opgoen.