Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Hiatus Kaiyote - Everything's Beautiful

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hospitalisatioune klammen, Regierung annoncéiert nei Mesuren

Corona-Pandemie

Hospitalisatioune klammen, Regierung annoncéiert nei Mesuren

15 Persoune (+6 a 24 Stonnen) sinn hei am Land wéinst dem Coronavirus gestuerwen, d'Zuel vun den Hospitalisatiounen ass op 148 geklommen, 1.605 vun eppes méi wéi 13.700 Tester ware bis elo positiv. Am Regierungsrot goufen haut nei Upassunge wärend dem Etat de Crise decidéiert.

auto_stories

3 min

"Et wäerte weider Mënschen Affer ginn", esou de Premier Xavier Bettel (DP) am spéiden Nomëtteg nom Regierungsrot. Et géif gëllen d'Disziplin weider oprecht ze halen, also doheem ze bleiwen a Kontakter ze vermeiden.

Jéngst Doudesaffer war 53 Joer al

D'Altersmoyenne vun de 15 Doudesaffer läit bei 80 Joer. Fënnef vun den 15 Doudesaffer ware Bewunner vun Alters- a Fleegeheemer. Dat jéngst Corona-Affer hei am Land hat 53 Joer.

D'Zuel vun de confirméierten Infektioune mam Coronavirus hei ass op 1.605 geklommen: dat sinn der 152 méi wéi gëschter. Hospitaliséiert sinn 148 Patienten: 25 dovun op der Intensivstatioun.

Tester: "Lëtzebuerg op éischter Plaz"

Tester op de Virus goufen zanter dem Ufank vun der Kris ronn 13.700 gemaach. Domat wier Lëtzebuerg weltwäit op der éischter Platz a Relatioun mat der Populatioun, esou d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert (LSAP).

Alles an allem sinn der Regierung no 2.354 Better disponibel, 230 Better wieren a Reserv. Fir d'Soins intensifs wieren 119 Better disponibel an 80 Better a Reserv. Zousätzlech 100 Better kéinten nach mobiliséiert ginn, sou datt een op 300 Intensivbetter wier. 100 Beootmungsgeräter wieren ukomm, seet d'Paulette Lenert.

Fir ze teste wiere vun Abrëll u véier Scanner operationell. Zu Ettelbréck vum 3. Abrëll un, am Centre Hospitalier (CHL), am Spidol um Kierchbierg an am Escher CHEM géifen d'Scanner an engem Container opgeriicht ginn a vum 10.-12. Abrëll un operationell ginn.

Provisoresch Ännerung am Aarbechtsrecht

Ronn 7.000 Betriber hu bis elo eng Demande fir Kuerzaarbecht gemaach. Ronn 15.000 Betriber mat ronn 105.000 Salariéë si wéinst de Regierungsdecisiounen de Moment zou, esou den Vizepremier an Aarbechtsminister Dan Kersch (LSAP).

Leit, déi am Chômage partiel sinn, géifen net manner wéi de Mindestloun bezuelt kréien an dierfte wärend dem Chômage partiel och net entlooss ginn. Dëst wier en Accord tëschent der Regierung an de Gewerkschaften OGBL an LCGB an dem Patronatsdaachverband UEL. Dat wäert de Staat enger Héichrechnung no tëschent 20 Milliounen an 30 Milliounen Euro kaschten, esou de Minister Kersch op Nofro hin.

Aschränkunge beim Congé pour raisons familiales

Vun e Méindeg u gëllen nei Krittäre beim flexibiliséierte Congé pour raisons familiales. Op de Congé pour raisons familiales kann nëmmen zeréckgegraff ginn, wann et soss keng aner Méiglechkeet gëtt, huet de Premier Xavier Bettel erkläert. Vun e Méindeg u muss een op Guichet.lu en neie Formulaire benotzen.

Bis zu 60 Stonnen d'Woch, 12 am Dag

D'Aarbechtszäit ka wärend dem Etat de crise op 60 Stonnen d'Woch eropgesat ginn, an op 12 Stonnen den Dag. Dat wier fir d'Gewerkschafte ganz schwéier ze verdauen, esou den Aarbechtsminister. Mee dat géif just fir déi Secteure gëllen, déi vital wiere fir de Fonctionnement vun der Gesellschaft, a just op motivéiert Demande. Och d'Studente kéinten elo iwwer en CDD fir 40 Stonnen d'Woch agestallt ginn.

Weider Regierungsdecisioune solle spéider méi am Detail erkläert ginn:

  • Bei Reesagencë ginn et Ännerungen a Locatairë kéinten net virun d'Dier gesat ginn, esou de Regierungschef.
  • De Regierungsrot huet e Règlement Grand-Ducal ugeholl, fir Dokteren an anert Personal iwwer CDD als Employé de l'état ze integréieren.
  • D'Regierung plangt an Zukunft mat Blutttester de Stand vun der sougenannter Herdenimmunitéit hei am Land festzestellen. Et géif een och un enger Strategie fir e Wee aus der Kris schaffen, esou d'Ministerin an deem Kontext.