François Koepp Horesca zefridde mam Accord ëm d'Hëllefen

Et hätt een an de Verhandlunge Satisfaktioun kritt bei den Haaptfuerderungen, seet de François Koepp, Generalsekretär vun der Horesca. Et hätt een eng ganz Partie Fuerderunge gehat vun deenen der vill erfëllt ginn, betount de François Koepp. Och wann nach e puer Dossieren opstinn, hätt ee sech festgeluecht, datt een an der éischter Verhandlungsronn mat engem Accord erauskéim, esou de Generalsekretär vun der Horesca, der Federatioun vun den Hotellen, de Restauranten an de Caféen.

Carole Schimmer / cbi

François Koepp
De François Koepp ass Generalsekretär vun der Horesca. Foto: Archiv

De ganzen Interview lauschteren


Hëllefen am Horeca-Secteur si bis Juni garantéiert

Wichteg war et kënnen eng Garantie ze hunn, datt d'Hëllefe géife virugoen, an esouguer kéinte bis Enn des Joers nach verlängert ginn, d'EU hätt dat elo autoriséiert, ënnersträicht de François Koepp.

Wesentlech am Accord wier och d'Erhéijung vum Plaffong vun den Hëllefe fir ongedeckte Käschten, jee no Gréisst vum Betrib, betount de François Koepp.

"Dat heescht, datt ee klenge Betrib virdru maximal 20.000 Euro konnt kréien, elo sinn et der 30.000 de Mount. E mëttlere Betrib ka bis zu 150.000 Euro un Aide kréien a Plaz vun 100.000, fir grouss Betriber gouf dee Plaffong ëm 100.000 op 300.000 eropgesat."

Take-Away a Liwwerunge ginn net benodeelegt

Betriber, déi nach schaffen, sollen net bestrooft ginn. Eng Partie vum Ëmsaz gëtt immuniséiert.

"Do hu mer eis derfir agesat. Mir hu gesot, dat kann et net sinn, datt et méi einfach ass ech maache mäin Take-Away zou, wéi ech loossen den Take-Away op. A wann ech dat maachen, da wëllt de Staat mer keng Hëllef méi ginn, wëel dann hunn ech dat selwer erwirtschaft, an ech leeën dann nach d'Käschte bäi. Dovunner hunn ech näischt, da ginn ech manner rentabel. Lo si mer op de Wee gaangen, datt mer 25 Prozent vum Chiffre d'affaire als Take-Away kënnen immuniséieren. Dat zielt esouwuel fir een Hotel, deen Take-Away géif maachen, ewéi och fir Restauranten a Caféen. Déi Sue ginn net méi vun der Hëllef ofgezunn."

"Ech mengen dat ass och ee grousse Sprong," seet de François Koepp.

Keng retroaktiv Applikatioun vun der Hëllef vun ongedeckte Käschten

Déi Fuerderung gouf gestallt, mee am Kompromëss deen an de Verhandlunge fonnt gouf, konnt dat net duerchgesat ginn, bedauert de François Koepp.

"Dat hätte mer gär gehat, mee do war awer kee Konsens méi ze fannen. Mir hunn eis geduecht: mir huele léiwer de Spatz an der Hand, ewéi d'Dauf um Daach, an dat hei ass awer ee positiivt Resultat, well mer och de Plaffong am grousse Ganze jo gehéicht krute vun 800.000 op 1,8 Milliounen. Dat ass jo och een enorme Fortschrëtt. Virun allem fir Betriber, déi e bësse méi Entitéiten hunn. Dat war ee vun de Knackpunkten. Ech si ganz frou, datt mer dat do och erreecht hunn. Natierlech bleiwe mir drun a mir froen déi Retroaktivitéit, mee ech weess net, ob mer dat jee eng Kéier schaffe wäerten. Mee dat wëllt net heeschen, datt mer net hannendru bleiwen, a soe mir hätten dat trotzdeem gären."

Well d'Hallschent vun de Leit d'Hëllef aus dem Relance-Pak fir d'Méint Juni bis November Enn 2020 nach net ugefrot haten, gouf den Delai fir se unzefroen eng éischte Kéier bis de 15. Februar verlängert.

D'lescht Woch gouf decidéiert, deen Delai nach eng Kéier bis de 15. Mee ze verlängeren. An d'Aide de Relance fir de Mount Dezember gouf bis de Juni verlängert, an et kann ee se bis de 15. September ufroen.

"Mir kruten d'Chance deen Delai nach eng Kéier verlängert ze kréien, well festgestallt gouf, datt nach ëmmer eng Partie Läit eligibel fir déi Hëllef sinn. D'Regierung huet dowéinst nach eng Kéier de Stéchdatum no hanne verréckelt, et wéilt een deene Läit dat net virenthalen."

Et geet elo drëms d'Hëllefe fir d'Hoteller nach festzeleeën. Déi wäerten nach vill méi laang ënner de Konsequenze vun der Pandemie leiden. Virun Allem Hoteller, déi Business-Clienten empfänken, géifen nach Hëllefe bis Mëtt 2023 brauchen, betount de François Koepp.

Méi zum Thema

François Koepp
Horesca

Vun den 2.600 Betriber, déi am Horeca-Secteur eng Hëllef aus dem Relance-Pak zegutt hunn, huet d'Halschent keen Dossier agereecht. Sou reagéiert de Generalsekretär vun der Horecsa op Kriticke vu Manifestanten.

Restauranten a Caféen hunn am Lockdown missten zoumaachen.
Réckbléck

Fir de Secteur vun den Hotellen, Restauranten a Caféë war 2020 e ganz schwieregt Joer. De Generalsekretär vun der Horesca François Koepp schwätzt vun engem "Annus horribilis".

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen