Den 2G-Regime am Beräich vun der Restauratioun wäert negativ wirtschaftlech Konsequenze mat sech zéien. Dat sot de President vun der Horesca am 100,7-Interview. Elo scho mam 3G-Regime wieren dem Francois Koepp no vill Clienten ausbliwwen. Hie schätzt den Impakt vum 2G-Regime op 30 Prozent manner Clienten duerch de ganze Secteur. De President vun der Horesca besteet drop datt d'Hëllefe fir Betriber iwwer dat neit Joer ausgeweit ginn:
"Et hätt ee misse soe wat fir Begleedmesurë lo a Kraaft trieden. de Premier huet gëschter gesot d'Hëllefe gi bis Enn Dezember weider mee dat geet net duer. Mir mussen se bis d'nächst Joer halen."
Baissen an den Ticketen an an der Programmatioun
Bei de Concerts-Organisateuren ass een éischter zefridde mat de geplangten neie Bestëmmungen. De Michel Welter, Gerant vum Atelier, seet, mam 2G wier den Opwand an d'Responsabilitéit fir den Organisateur zwar méi grouss, mee alles an allem géif de System d'Concerten erëm méi sécher maachen: "Ech sinn iwwerzeegt, datt mer mat sou Mesuren déi Traumatismen, déi mer warscheinlech alleguer e bëssen hunn, ofbaue kënnen."
Et wier elo schonn eng Realitéit, datt manner Leit de Wee an de Concertssall fannen, esou de Michel Welter. Hie schätzt, datt den Ticketsverkaf virun der Pandemie bal 40 Prozent méi héich war.
Och am Stater "Gudde Wëllen" gesäit een d'Aféiere vum 2G-Prinzip positiv. Si hätten iwwregens vu sech aus schonn d'Clienten no hirem Numm gefrot, bei der Kontroll vum CovidCheck-Certificat, sou de Luka Heindrichs, Manager vum Club. Allerdéngs huet déi allgemeng méi ugespaante Situatioun an Europa een Impakt op d'Programmatioun. Hie schwätzt, datt ronn een Drëttel vun hirer Programmatioun elo awer erëm ewechfale wäert.