Mäin Europa Homeschooling: Wéi geet d'Groussregioun domat ëm?

Zu Lëtzebuerg, wéi och iwwer d'Landesgrenzen eraus, hu wéinst der Coronavirus-Pandemie vill Schoule missen zoumaachen.

Rahel Könen /cbi

Eng eidel Schoul
Foto: Bigstock / elsummer

Vun Doheem aus soll de Schoulprogramm awer virugoen - eng ongewéinlech Situatioun, op déi sech déi Betraffe séier hu missten ëmstellen. Mee wéi ginn d'Schoulen elo mat dëser Erausfuerderung ëm? A wéi garantéiert een, datt kee Schüler op der Stréck bleift?

Fir eis Serie Mäin Europa kuckt de radio 100,7 hanner d'Kulisse vu Lycéeën an der Groussregioun: D'Rahel Könen huet fir eis mat Direkteren an Directricen aus der Belsch, Däitschland, Frankräich a Lëtzebuerg geschwat.


Lauschtert de ganze Reportage vum Rahel Könen, an Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

An der Mediathéik:

Mäin Europa / / Rahel Könen
Lauschteren

Méi zum Thema

Ee Spidol
Mäin Europa

Patienten dierfe sech an aneren EU-Memberlänner medezinesch behandele loossen. Wie rembourséiert d'Dokteschkäschten a wéini muss een d'CNS ëm eng Autorisatioun froen? Ee Reportage vum Carole Schimmer.

Autobunn
Mäin Europa

Ëmmer méi EU-Länner reduzéieren déi erlaabte Vitessen op de Stroossen. Well manner séier fueren heescht manner déidlech Accidenter - soe vill Verkéiersexperten. Ee Reportage vum Pierre Reyland.

Rollstull
Mäin Europa

D'Asylpolitik an Europa ass net ëmmer harmoniséiert a solidaresch. Dat weise mir um Beispill Griichenland: De Schutz vun unerkannte Flüchtlinge besteet do méi um Pabeier, wéi an der Realitéit.

Therapie
Mäin Europa

An Holland, der Belsch an zu Lëtzebuerg ass d'Stierfhëllef och dann erlaabt, wann d'Patiente psychesch krank sinn. Mee dat ass net onëmstridden. An der Belsch stounge rezent dräi Doktere viru Geriicht.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen